A leschter Zäit deelt den US-President op de soziale Medie vill géint säi Virgänger aus. Deem säi Spriecher reagéiert a schneit en heikelt Thema un.

Nach méi wéi üblech ass a leschter Zäit vum Donald Trump op de soziale Reseauen ze liesen. Laut der Washington Post hätten awer déi meeschte Posts kaum eppes mat deem Thema ze dinn, dat den US-President zanter Woche verfollegt: d'Causa Jeffrey Epstein. Villméi deelt den Trump zanter Deeg ëmmer rëm géint säi Virgänger Barack Obama aus, a schwätzt vu Verrot a engem fréiere Versuch vu Walmanipulatioun. Op senger Plattform Truth Social huet hien e KI-Video gedeelt, an där den Obama als Verbriecher mat Handschellen aus dem Wäissen Haus ofgeféiert gëtt.

De Spriecher vum fréieren demokratesche President sot dozou an engem Statement, dass hien normalerweis, aus Respekt virum Amt vum US-President, de permanente Blödsinn an all déi Feelinformatiounen, déi aus dem Wäissen Haus kommen, net mat enger Äntwert "wierdege" géing. Déi rezent Behaaptunge géingen awer esou wäit goen, dass eng Replik ubruecht wier. "Déi bizar Uschëllegunge si lächerlech an e schwaache Versuch fir ofzelenken."

Oflenke vu wat? Dem Obama säi Porte-parole kéint domat déi heikel Situatioun mengen, an där den Trump grad stécht. Et geet nach ëmmer ëm d'Verëffentleche vun allen Akten am Fall vum Sexualstroftäter Jeffrey Epstein. Souguer aus den eegene republikanesche Reie kritt de President dowéinst Géigewand. Am Walkampf hat den Trump nach versprach, all Dokumenter aus deem Dossier wëlle fräi ze ginn, wat bis ewell nach ëmmer net passéiert ass.