Nieft engem Komponéier-Workshop, an deem d’Visiteure Lëtzebuerg a Bild an Toun kenneléieren, soll och interessant Wëssen iwwert eist Land vermëttelt ginn.

Eng Delegatioun vum SCRIPT aus dem Educatiounsministère vertrëtt Lëtzebuerg dës Woch op der „Learning and Playing Week“ zu Osaka op der Weltausstellung. Ganz wichteg war et der Ekipp, op eng spilleresch Aart a Weis interessant Wëssen iwwert de Grand-Duché ze vermëttelen.

Tiffany Saska, Mataarbechterin vum SCRIPT:

Lëtzebuerg spilleresch entdecken

"Spille mécht u sech jidderee gären, dofir ass doraus d'Iddi entstanen, fir e Quiz ze maachen. Mä well mir hei op der Weltausstellung sinn, an awer d'Visiteuren zum Groussdeel Japaner a Japanerinne sinn, hu mir eis iwwerluecht, fir net "haart" Fakten an dee Quiz anzebauen, mee awer Saachen, wou d'Leit Lëtzebuerg kenneléieren. Wat sinn eis Traditiounen, wéi sinn d'Leit, wéi eng Musek lauschtere se, wat iesse se gär, an hinnen einfach d'Gefill ze ginn, wa se aus dem Pavillon erausginn, dass se e bëssen eppes iwwer Lëtzebuerg, an iwwer d'Leit déi do liewen, wëssen."

Ganz bewosst goufen och Parallellen zu Japan gesicht, fir ze weisen, datt déi zwee Länner zwar geografesch immens wäit ausernee leien, an awer Schnëttstellen hunn. Thematesch geet et dëst Joer bei der „Learning and Playing Week“ ëm d’Fro, wéi ee mat Informatiounen am Zäitalter vun artifizieller Intelligenz ëmgoe soll. Dofir gouf en zousätzlechen Tool an de Quiz agebaut.

Spilleresch Lëtzebuerg entdecken

"Passend zum Thema vun der Woch hu mir d'AI an eise Quiz agebaut. Dat heescht, wann een elo eng Äntwert net kennt, kann een d'AI froen, fir ze hëllefen. Lo ass et awer esou, dat wëlle mir och vermëttelen, dass d'AI richteg kann äntweren, awer net muss. Vläicht hëlleft se, vläicht awer och net. De Message hannendrun ass deen heiten, dass d'Leit awer solle vigilant bleiwen, wa se AI benotzen, dass se trotzdeem selwer nodenken an hannerfroen an net alles gleewen, wat AI hinne verzielt."

Fir d’Cyclen 3 a 4 aus dem Fondamental schreiwe Mataarbechter aus dem SCRIPT eng Kannerzeitung, De Piwitsch. Zil ass et, recherchéiert Informatioune fir Kanner opzebereeden an hinnen all méiglech Sujeten z’erklären. An och zu Osaka gouf sech speziell op Kanner agestallt. E Kannerquiz soll och deene Jonken interessant Informatiounen iwwert Lëtzebuerg weisen. Den Highlight fir d’Visiteuren ass e personaliséierte Kaddo. Dovu konnt sech och de Georges Mischo (Minister fir Aarbecht a Sport) iwwerzeegen, dee privat op Osaka gereest ass, fir d’Weltausstellung ze besichen.

Lëtzebuerg spilleresch entdecken

"Een Deel vum Quiz ass dann och, dass se zum Schluss e klenge Kaddo solle kréien. Dat heescht, si maachen e Selfie vu sech selwer, an och do kënnt d'AI rëm zum Asaz. Déi verwandelt hir Foto an eng Comicfigur, déi drécke mir aus a pechen se op sou e Badge, deen se dono kréien, wa se mam Quiz fäerdeg sinn. Deen zeechent se aus als "Luxembourg Expert", an dee Kaddo mat hirer personaliséierter Foto drop kënnt immens gutt u bei de Leit."