UN-Geriicht deklaréiert Klimaschutz zu engem Mënscherecht

© AFP
Zu Den Haag huet den Internationale Geriichtshaff e Mëttwoch en Avis zur Responsabilitéit vu Staaten a Saache Klimaschutz a Mënscherechter publizéiert.
Mat dëser Decisioun vum UN-Geriichtshaff zu Den Haag huet dësen de Wee fräi gemaach, datt Staaten, déi de Klimawandel net bekämpfen, kënnen op Entschiedegung verklot ginn. Staaten also, déi der Verflichtung, d'Klima ze schützen, net nokommen, géifen dem Urteel no "enger Handlung, déi géint d'Vëlkerrecht geet," nokommen, esou d'UN-Geriicht an engem Gutachten iwwert de Klimawandel. Ënner verschiddene Konditioune géif doraus eng "rechtlech Konsequenz" ginn, déi dann d'Bezuele vun Entschiedegunge fir Staaten, déi duerch de Klimawandel geschiedegt ginn, kéinte matsechbréngen, esou de President vum Geriicht Yuji Iwasawa.
Weider huet d'Geriicht zu Den Haag decidéiert, datt d'Suitte vum Klimawandel als méiglech Menace fir grondleeënd Mënscherechter agestuuft kéinte ginn. Déi "negativ Auswierkunge vum Klimawandel" kéinten verschidde Mënscherechter "massiv beanträchtegen". Den Iwasawa huet dobäi op d'Recht op Gesondheet an d'Recht op e gewësse Liewensstandard verwisen, dorënner eng "propper, gesond an nohalteg Ëmwelt.
Den Avis vum IGH ass rechtlech net verbindlech, dierft awer en Afloss op weider national an international Klimaprozesser hunn. Greenpeace hofft, dass e positiven Avis d’Staaten encouragéiert, géint grouss Pollueure virzegoen. Bis Enn 2024 gouf et dem Fuerschungsinstitut Grantham no weltwäit eng 3.000 Klimakloen a 60 Staaten. Dobäi waren der allerdéngs och e puer géint Klimaschutzmesuren.
Ëmweltschützer setze scho virun Decisioun vill Hoffnung an Avis
Ëmweltschutz-Organisatioune haten heira vill Hoffnung gesat. Sollt den Avis d’Staate méi responsabiliséieren, kéint dat Signalwierkungen op national Klimaprozesser hunn. Am Avis stoungen zwou Froen am Mëttelpunkt: Wéi eng vëlkerrechtlech Obligatiounen hu Staate beim Schutz vum Klimasystem? A wéi eng rechtlech Konsequenzen huet et fir Staaten, déi entweder duerch aktiv Pollutioun oder Ënnerloosse vu Mesuren zum Klimawandel bäigedroen hunn? Konkreet goung et och ëm d'Fro vu méigleche Reparatiounen an Entschiedegungen.
Den Internationale Geriichtshaff (IGH) kuckt dobäi de ganze Spektrum vum Vëlkerrecht, dorënner zum Beispill d'Paräisser Klimaofkommes awer och international Konventiounen iwwer Biergerrechter, politesch, wirtschaftlech, sozial a kulturell Rechter.
Hei stéing de Mënsch am Fokus, erkläert d'Altynaï Bidaubayle, Responsabel vun der Greenpeace Campagne, déi e Mëttwoch vun 13 Auer u virum Geriichtshaff sur place war. Dofir haten d’Initiateure vum Avis (e Studentegrupp aus dem pazifeschen Inselstaat Vanuatu) d’Awunner vun de Pazifikinsele kontaktéiert, fir ze wëssen, wéi de Klimawandel hiren Alldag beaflosst. Vanuatu ass besonnesch duerch d’Klamme vum Mieresspigel bedreet.
Schonn zwee wichteg Klimaschutzurteeler gefall
Sollt den Avis vum IGH de Klimaschutz stäerken, géif e sech domat an d’Linn vun zwee Urteeler areien, déi schonn d’lescht Joer als weeweisend gegëllt hunn: Den Internationale Séigeriichtshaff hat decidéiert, dass schiedlech CO2-Emissiounen d’Mierer verknaschten an d’Staate rechtlech verflicht, Géigemesuren z’ergräifen an d’Verknaschten ze reduzéieren.
Den Interamerikanesche Geriichtshaff a Brasilien hat festgehalen, dass de Schutz virun irreversibele Schied duerch de Klimawandel genau esouwichteg ass, wéi international Bestëmmunge géint Vëlkermord a Folter. D’Zerstéierung vu Bëscher an aner klimaschiedlech Aktioune wiere verbueden. Politesch dierft den Den Haager Avis och Auswierkungen op d’Verhandlunge bei der COP30 a Brasilien hunn.