Déi hollännesch Autoritéite waren informéiert iwwert d’Attentatspläng op den Eurovision Song Contest (ESC) 2020, deen zu Rotterdam sollt sinn.

Dat confirméiert de Parquet op Nofro. Uganks des Mounts gouf um Stater Geriicht engem jonke schweedesche Neonazi de Prozess wéinst verschiddenen Terror-Virwërf gemaach. Dorënner d'Fabrikatioun vu Sprengstoff an dem Bau vu Bommen; dat alles a sengem Papp sengem Haus zu Stroossen.

Zesumme mat engem jonken hollännesche Frënd, deen hien iwwer Internet kannt huet, hat hien och u Pläng geschafft, fir duerch eng Chlorgasattack um ESC eng Massepanik auszeléisen. Den Ugeklote gouf am Januar 2020 festgeholl – domat waren all Attentatspläng ënnerbrach. An den ESC hat misse wéinst der Covid-Pandemie, déi kuerz drop an Europa ukoum, ofgesot ginn.

Dës Woch hunn hollännesch Medien d’Informatioun vun den Attentatspläng opgegraff, déi eréischt duerch de Prozess um Stater Geriicht an d’Ëffentlechkeet koumen. Déi hollännesch Zeitung Het Parool huet dowéinst geschriwwen, et hätt keen eppes an Holland dovu gewosst. Dutchnews huet esou guer den hollännesche Parquet zitéiert, et wéisst een näischt vun den Attentatspläng op den ESC.

Dobäi hu Lëtzebuerger an hollännesch Autoritéiten awer am Kader vun der Enquête géint deen hei zu Lëtzebuerg ugekloten Neonazi zesummegeschafft. D’Lëtzebuerger hunn d’Hollänner iwwert de Siena-System vun Europol informéiert, wéi si bei der Auswäertung vum informatesche Material festgestallt hunn, datt et och Attentatspläng an Holland gouf.

Dono goufe géigesäiteg Demandë fir Rechtshëllef gemaach an déi hollännesch Enquêteuren hunn de jonke Mann an Holland festgeholl a verhéiert. An deem Verhéier goung et och ëm d’Pläng fir en Attentat op den ESC. Deemno woussten déi hollännesch Autoritéiten definitiv Bescheed.

De jonken Hollänner war awer zu deem Moment nach mannerjäreg. Hien huet doriwwer eraus eng Autismus-Spektrum-Stéierung. Dofir konnt hie wéinst senger Participatioun an der Planung net verurteelt ginn, mee krut eng Ordonnance pénale. Sou hat dat eng Enquêtrice vun der Anti-Terror Sektioun vun der Police Judiciaire wärend dem Prozess Uganks Juli erkläert.