Parquet wëll Gérard Depardieu wéinst Vergewaltegung ukloen

© AFP (Archiv)
Eréischt de leschte Mount war hie wéinst sexuellem Iwwergrëff verurteelt ginn. Säin Affekot hat schonn annoncéiert, an Appell wëllen ze goen.
De franséische Filmstar Gérard Depardieu soll, wann et dem franséische Parquet no geet, wéinst enger presuméierter Vergewaltegung viru Geriicht gestallt ginn. Schonn 2024 gouf e Prozess géint den Depardieu am Fall vun der Actrice Charlotte Arnould vum Parquet ugefrot. Well dono awer nei Virwërf géint den Acteur op d'Tapéit koumen, goufen d'Ermëttlunge nach emol nei opgerullt. Ob et zu engem Prozess kënnt, decidéiert en Untersuchungsriichter.
Den Affekot vum Gérard Depardieu huet betount, datt hie mat engem Fräisproch rechent. Et gëtt Biller vun enger Iwwerwaachungskamera, op deenen ee gesäit, wéi d'Charlotte Arnould de Gérard Depardieu laang kësst, da laacht an eleng d'Trap an hir Schlofkummer eropgeet. "Si huet him den nächsten Dag geschriwwen, datt si hie gär huet an datt si néierens méi glécklech wier, wéi a sengen Äerm", esou den Affekot Jérémie Assous géintiwwer der AFP. D'Affekotin vun der Actrice huet bis ewell nach näischt dozou gesot.
D'Arnould wërft dem Depardieu vir, si zwee Mol am August 2018 a senger Wunneng zu Paräis vergewaltegt ze hunn. Si hat deemools 22 Joer a war eegenen Aussoen no magersüchteg. Si hätt nach 37 Kilo gewien. Den Depardieu war e Frënd vun hirem Papp.
D'Actrice hat kuerz drop eng Plainte gemaach, ma d'Ermëttlunge goufen 2019 op Äis geluecht. Ee Joer méi spéit huet si eng weider Plainte deposéiert. Zanterhier si méi Fraen opgetaucht, déi dem Depardieu sexuell Iwwergrëffer virwerfen.
An engem oppene Bréif, deen am "Le Figaro" publizéiert gouf, huet de Gérard Depardieu all d'Virwërf zeréckgewisen. Si hätt fräiwëlleg Sex mat him gehat an dono eng Plainte gemaach, well hien net mat hir d'Chanson vum Barbara op der Bühn wollt opféieren, esou de Acteur.
De leschte Mount nach war de bekannte franséischen Acteur zu 18 Méint op Sursis verurteelt ginn, well hien zwou Frae bei Dréiaarbechte sexuell belästegt huet. D'Geriicht huet och decidéiert, datt hie sech psychologesch behandele misst loossen an datt hien an d'Register fir Sexualstroftäter misst opgeholl ginn. Dat war dat éischt Urteel géint den Depardieu wéinst sexueller Gewalt. An awer werfen eng 20 Fraen dem Star sexuell Iwwergrëffer respektiv Vergewaltegunge vir. Den Affekot vum Depardieu hat schonn annoncéiert, datt een an Appell géif goen.
De Gérard Depardieu gehéiert zu de bekanntste Filmstaren a Frankräich. Hien huet an iwwer 200 Filmer a Serie matgespillt an dobäi mat bedeitende Regisseuren an Actricen zesummegeschafft.