Wéi et vun der thailännescher Arméi heescht, sinn dräi thailännesch Zivilisten no enger kambodschanescher Rakéitenattack ëm d'Liewe komm.

Thailand schwätzt an deem Kontext vun engem "geziilten Ugrëff op Zivilisten". Och vu kambodschanescher Säit gouf confirméiert, datt et en Donneschdeg de Moien nees zu Gewalt am Grenzgebitt tëschent béide Länner koum. Et ass déi neist Eskalatioun am Sträit, deen et zanter engem Joer gëtt wéinst der Grenz am sougenannte Smaragd-Dräieck. Och de Laos ass concernéiert. Am Gebitt stinn eng Rei al Tempelen.

Esouwuel Thailand wéi och Kambodscha hu sech en Donneschdeg de Moie géigesäiteg beschëllegt, jeeweils den éischte Schoss ofginn ze hunn. Déi thailännesch Ambassade an der kambodschanescher Haaptstad Phnom Penh huet iwwerdeems all thailännesche Staatsbierger am Land opgefuerdert, de Kambodscha "esou séier wéi méiglech" ze verloossen.

De Konflikt war viru méi wéi 15 Joer eskaléiert a rezent nees am Mee opgeflaamt, wéi e kambodschaneschen Zaldot duerch Schëss ëmbruecht gouf.