Wéi de Gouverneur vun der ostrussescher Regioun Amur matdeelt, war d'Maschinn um Wee vu Chabarowsk op Tynda, net wäit vun der Grenz zu China.

En Tëschestopp gouf an der Stad Blagoweschtschensk gemaach. En Donneschdeg de Moie war de Fliger vum Typ Antonow-24 als vermësst gemellt ginn, méi spéit hunn déi russesch Rettungsdéngschter gemellt, datt een d'Stécker vum Fliger a Flamen entdeckt hätt, dat eng 16 Kilometer vun Tynda fort. Éischten Informatiounen no soll et keng Hiweiser drop ginn, datt et Iwwerliewender gëtt, esou déi staatlech Noriichtenagence Tass. Dem Gouverneur no waren 49 Leit u Bord vun der Maschinn.

Tass no kéint eng Ursaach fir d'Accident e Feeler bei der Landung sinn, méiglecherweis ausgeléist duerch eng schlecht Vue. De russesche Parquet huet entretemps eng Enquête géint déi concernéiert Fluchgesellschaft Angara lancéiert, dat wéinst dem Verdacht op e Verstouss géint d'Sécherheetsbestëmmungen. De Fliger, deen als ee vun den eelsten Typpe weltwäit gëllt, soll allerdéngs kuerz virum Start nach emol kontrolléiert gi sinn.