Wat ass den aktuelle Stand vun den Douanestaxen säitens den USA?

© Photo by CHIP SOMODEVILLA / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Am Sträit ëm Douanestaxen tëscht der EU an den USA réckelt den nächsten decisiven Datum an dëser Matière ëmmer méi no.
D'EU hofft, nach virum 1. August en Accord am Grondsaz z'erreechen, fir sou massiv zousätzlech Taxen z'evitéieren. Am Fall, dass dëst mëssléngt, preparéiert Bréissel hannert de Kulisse scho Géigemesuren.
Wou si mer mat de Verhandlungen drun?
Dëst ass den Ament nach onkloer. Souwuel Beamten, wéi och Politiker ginn un, dass d'EU-Kommissioun am Moment en "intensive Kontakt" mat der US-Regierung hätt. E Mëttwoch war e Gespréich tëscht dem EU-Handelskommissar Maros Sefcovic mam US-Handelsminister Howard Lutnick. D'EU gëtt opgefuerdert, de Marché méi a Richtung USA opzemaachen, nëmme sou kéint ee laut Trump e Kompromëss erreechen.
Wat passéiert den 1. August?
Dëst ass eng Decisioun, déi beim US-President Donald Trump géif leien. Dësen huet jo Mëtt Juli annoncéiert, vum 1. August un d'Taxe vun 30 Prozent op Wueren aus den EU ze verrechnen. Verhandlunge wiere bis deen Datum méiglech. Sollten den Handelsminister Lutnick an den Handelsbeoptraagten Jamieson Greer e Kompromëss mat der EU aushandelen, géif d'Decisioun schlussendlech beim Donald Trump leien.
Wat fir Konsequenzen hätt eng Erhéijung vun den US-Taxe vun 30 Prozent?
"Wann et bei 30 Prozent oder méi bleift, da wäert den Handel, wéi mir e kennen, op en Enn goen", huet den EU-Handelskommissar Maros Sefcovic virun e puer Deeg zu Bréissel gewarnt. D'Taxen, déi hei am Gespréich sinn, wieren esou héich, dass sech den Export an d'USA fir vill Entreprisen net méi loune géif.
Schonn elo betreffen déi momentan US-Taxen Aschätzungen aus Bréissel no europäesch Produiten am Wäert vu ronn 370 Milliarden Euro. Et gëllt eng grondsätzlech Augmentatioun vun 10 Prozent, Ausname si Medikamenter an aner medezinesch Produiten. Fir Autoe gëllt schonn e Saz vu 25 Prozent, fir Stol an Aluminium mussen Importateure schonn Taxe vu 50 Prozent bezuelen.

© Photo by JAKUB PORZYCKI / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Wäert d'EU sech wieren?
Aschätzunge vun Diplomaten an EU-Beamten hätt d'EU bei enger Erhéijung vun 30 Prozent ganz einfach keen anere Choix. Eng éischt Lëscht mat Géigentaxe géif och schonn existéieren, géif awer ausgesat ginn, sou laang wéi d'Verhandlungen nach daueren. Hei geet et ëm US-Produiten am Wäert vun 21 Milliarden Euro, dorënner beispillsweis Jeans a Motoen. D'EU-Kommissioun wëll dës Lëscht mat Produiten am Wäert vu weideren 72 Milliarden Euro erweideren.
D'Taxe selwer kënne fréistens vum 7. August un a Kraaft trieden. Bréissel schafft Diplomaten no zousätzlech u Mesure géint US-Servicer an US-Digitalkonzerner. D'EU kéint zum Beispill den Zougang zu ëffentlechen Ausschreiwunge limitéieren.
Wat verlaangt den Donald Trump?
Hien wëll erreechen, datt d’EU méi aus den USA importéiert, zum Beispill Gas, Autoen a Waffen. Ausserdeem sinn him d'EU-Virschrëfte fir de Konsumenteschutz an de Klimaschutz en Dar am A, well se sech vun den US-Standarden ënnerscheeden. Och d’Digital-Steieren an e puer EU-Länner an d’Virgoe vun der EU-Kommissioun géint Verstéiss am Kader vun der Konkurrenz bei groussen Digital-Firme bezeechent den Trump als ongerecht.
Geet d'EU dorop an?
Deelweis. Méi Importer aus den USA an eng Upassung vu bestëmmte Standarde sinn Deel vun den aktuelle Verhandlungen. Ännerungen un EU-Gesetzer huet d’Kommissioun awer ausgeschloss, besonnesch beim Konsumenteschutz. Wat d’Geldstrofe fir Digital-Firmen ugeet, huet Bréissel zwar Spillraum, mee e konkret Entgéintkommen a Richtung Trump géif et net ginn.
Wéi kéint en Accord oder eng Eenegung ausgesinn?
D’EU strieft eng Grondsaz-Eenegung un, op där an den nächste Méint weider verhandelt ka ginn. Si wëll virun allem den Zollsatz vun 30 Prozent verhënneren, dee jo kloer am Gespréich ass. No dësem Modell vun engem Ofkommes tëscht den USA a Groussbritannien kéinten och Reegele fir eenzel Branchë festgeluecht ginn. Dat gëllt zu Bréissel awer als komplizéiert ëmsetzbar.