Mussen d'Awunner vun Teheran ëmgesidelt ginn?

© AFP
An der iranescher Haaptstad ass d'Waasser fir 15 Milliounen Awunner knapp. De President huet dofir elo ëffentlech iwwer eng méiglech Noutléisung geschwat.
Wéi och schonn an deene leschte Joren huet Iran an de Summerméint mat enger Waasserknappheet ze kämpfen. Uerg Hëtztwellen a laang Dréchenten hunn d'Waasserstänn och dëst Joer nees op een neie Minimum bruecht.
U siwe Staudämm uechter d'Land ass de Stand bei ënner 10 Prozent, dorënner och bei engem vun de gréissten Dämm, déi den Iran huet. Dee kéint souguer scho bannent de véier nächste Woche ganz ausdréchnen. Elo scho sinn eng Rei Barragen op puer Plaze komplett ausgedréchent.
Fir de Moment sinn 20 vun 31 Provënzen am Iran akut vun der Waasserknappheet betraff. Och an der Haaptstad Teheran geet d'Waasser lues a lues aus. De President Massud Pezeskhian huet en Donneschdeg beim Noriichteportal Asr-Iran gesot, d'Lag wier eescht an et hätt ee "wierklech kee Waasser méi". Als Noutléisung géif een dowéinst aktuell och net ausschléissen, d'Haaptstad mat ronn 15 Milliounen Awunner ëmzesidelen. Vill Awunner sollen Teheran schonn a Richtung Norde Richtung Kaspescht Mier verlooss hunn, wou et aktuell nach keng Probleemer mat der Waasserversuergung solle ginn.
Als Grond fir d'Waasserknappheet huet de President Pezeskhian d'Dréchent genannt, ma an engems och déi schlecht Ëmweltpolitik vun de fréiere Regierungen. Op d'mannst bis e Samschdeg bleiwe staatlech Agencen a Schoulen zou an och d'Produktioun vu Fabricke gouf staark ageschränkt, fir Waasser ze spueren. A ganz Iran fäerten d'Leit dowéinst elo och, hir Aarbechtsplaz ze verléieren.