Lëtzebuerg tendéiert dozou, Palästina unzëerkennen

© Ghislain Federspiel / Archivbild
Lëtzebuerg tendéiert derzou, Palästina am September zu New York unzëerkennen. Dat confirméiert eis den Ausseminister Xavier Bettel am Interview.
De franséische President Macron huet jo annoncéiert, dass Frankräich Palästina géif am September, am Kader vun der UN-Vollversammlung, unerkennen. Et wier zwar net well Frankräich Palästina unerkennt, dass Lëtzebuerg automatesch och eng Unerkennung mécht, seet de Minister Bettel. Mee, wéi schonn an der Chamber annoncéiert, géif den Ausseminister d'Evolutioun vun den Engagementer, déi vu palästinensescher Säit komm sinn, positiv gesinn:
"Ech kann Iech awer schonn annoncéieren, dass am Moment, mat deem wat un Engagementer vu palästinensescher Säit och komm ass, mer tendéieren zur Unerkennung. Ech hoffen, dass September dann och de Moment ass, wou mer déi Unerkennung och offiziell kënne maachen. Mee ech als Ausseminister, meng perséinlech Meenung ass, an déi wou ech gëschter de Kolleegen erkläert hunn - well ech hat och Kontakt mam franséische Minister, wou ech d’Ukënnegung vum franséische President matgedeelt kritt hunn - hunn ech de Kolleege gesot, dass dat wat am Moment geschitt vu palästinensescher Säit, eng Unerkennung dat ass, wat ech wierklech am September recommandéieren ze maachen."
Lëtzebuerg hat jo am Virfeld annoncéiert, dass gewësse Konditioune fir eng Unerkennung vu Palästina missten erfëllt sinn:
"Fir eis ass déi Konditioun éischtens, dass a Palästina eng Ännerung kënnt, dat heescht, dass och Walen organiséiert ginn, dass eng De-militarisatioun och vum Hamas geschitt an och eng de-Radikalisatioun an de Schoulen. Dat si wichteg Konditiounen, well am Fong, Fridden a Palästina ass och eng Sécherheet fir Israel. Déi Mesuren, déi mir huelen, si jo net géint Israel oder fir Palästina, oder fir Israel a géint Palästina, mir si fir de Fridden."
Hei géif een also elo Engagementer vu palästinensescher Säit aus gesinn. Mat dëse Positioune flitt den Ausseminister nächst Woch op New York, fir un der Konferenz vun de Vereenten Natiounen zu enger Zwee-Staate Léisung deelzehuelen. Am September sinn dann de Premier an den Ausseminister zesummen op der UN-Vollversammlung, wou, wann de Moment dann opportun ass, Lëtzebuerg Palästina géif unerkennen.
Och zu Lëtzebuerg gouf et scho politesch Reaktiounen op d'Annonce vu Frankräich. Deemno huet déi Gréng Deputéiert Sam Tanson eng Question urgente un den Ausseminister gestallt: Hei gëtt notamment nogefrot, ob Lëtzebuerg den Ament mat anere Länner am Gespréich wier, fir Palästina zesummen unzëerkennen a wat déi genee diplomatesch, legal a politesch Krittäre fir eng offiziell Unerkennung sinn.