Zanter 2022 ass de Volker Türk Héije Kommissär fir Mënscherechter a koordinéiert déi weltwäit Mënscherechtsaktivitéite vun de Vereenten Natiounen.

Dës Woch war hien op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg an huet sech do ënner anerem mam Ausseminister Xavier Bettel an anere politesche Vertrieder getraff. Am RTL-Interview huet hien iwwer d’Erausfuerderunge vun haut geschwat, an och ënnerstrach, datt een d’Hoffnung ni däerf opginn.

Opgebaut nom Zweete Weltkrich

Déi Allgemeng Erklärung fir Mënscherechter gëtt am Dezember 77 Joer al. Nodeems een no de Grujelegkeete vun zwee Weltkricher gesot huet ‘ni méi’, gouf se den 10. Dezember 1948 zu Paräis deklaréiert. An dëse 77 Joer goufen et awer bis haut vill Kricher an och vill Mënscherechtsverletzungen. Dem Volker Türk no dierft een ni vergiessen, datt d’Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter ee Kompass wier an de Betraffenen och géif Hoffnung ginn.

D’Vereenten Natioune si weltwäit fir d’Anhale vu Mënscherechter aktiv

Déi Leit, déi vu Mënscherechtsverletzunge betraff sinn, géifen hir Hoffnung an d’Aarbecht vun de Vereenten Natioune setzen. Et wier een en Uspriechpartner fir déi Betraffen an et kéint ee sech fir hir Situatioun an den internationalen Organisatioune staark maachen. Dem Volker Türk seng Aufgab wier et, den Iwwerbléck iwwer all d’Mënscherechtsverletzunge weltwäit ze behalen. Mënscherechter géifen nu mol all Mënsch betreffen, an do kéint ee keng Prioritéit setzen.

Nach virun engem Mount huet de Volker Türk am Mënscherechtsrot zu Genève den Opruff gemaach, datt een an dësen Zäiten déi stäerkstméiglecht Verdeedegung vun de Mënscherechter bräicht. Do wier et seng Aufga, a Konfliktsituatioune permanent un d’Reegele vun de Mënscherechter ze appelléieren an déi humanitär Hëllef weltwäit vun de Vereenten Natiounen ze koordinéieren.

Dem Volker Türk säi Büro ass dann och dofir zoustänneg, fir Mënscherechtsverletzunge weltwäit ze ënnersichen. Déi Rapporte ginn och reegelméisseg an internationale Prozesser zitéiert. Ee Beispill ass hei de fréiere philippinnesche President Duterte, dee wéinst Mënscherechtsverletzungen zu Den Haag viru Geriicht ugeklot gouf.

D’Welt steet virun engem Ëmbroch

Op déi weltpolitesch Lag ugeschwat seet de Volker Türk, datt de Risiko vu méi Instabilitéit a politeschem Chaos grouss wier, wann d’Länner elo net géifen oppassen. D’Mënscherechter kéinten hei en Unhaltspunkt fir den internationalen Zesummenhalt sinn, deen an dësen Zäiten esou wichteg wier. D’Mënscherechter géifen eis all gehéieren, an net zu enger politescher Ideologie.

Lëtzebuerg ass ee klenge, mee ganz aktive Staat

Lëtzebuerg war vun 2022-2024 Member vum UN-Mënscherechtsrot. Do hätt de Grand-Duché sech ganz aktiv dofir agesat, datt Mënscherechtsverletzunge juristesch opgeschafft ginn an och Journalisten an hirer Aarbecht besser geschützt ginn. Och kleng Länner hunn ee wichtege Poids an enger internationaler Organisatioun wéi de Vereenten Natiounen, esou de Volker Türk.

Wéi aktuell ass déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter nach haut?

De Volker Türk preziséiert, datt d’Mënscherechter souwuel online wéi offline applizéiert solle ginn. Am online Beräich wier ee mat de groussen Entreprisen dacks am Echange fir d’Mënscherechter am digitale Raum besser ze schützen. Do wieren d’Bedreiwer vu Soziale Medien an der Verantwortung fir déi néideg Mesuren ze huelen, fir beispillsweis den Opruff zu Haass a Gewalt ze blockéieren. Dem Volker Türk géif et Suerge maachen, datt Mesuren, déi den digitale Raum méi sécher solle maachen, vu rietspopulistesche Parteie géifen ugefecht ginn. D’Koherenz an der Gesellschaft géif a Fro gestallt ginn, wann d’Auteure vu schiedlecher Desinformatioun net géifen an d’Verantwortung geholl ginn.

Et däerf een d’Hoffnung net verléieren

A sengem Job trëfft de Volker Türk dacks jonk Leit: Säi wichtegste Message, deen hien hinne wéilt mat op de Wee ginn, wier, datt se trotz der schwiereger Weltpolitescher Lag d’Hoffnung net verléiere sollen. Och déi jonk Generatioun hätt politesche Poids, a si soll sech aktiv an d’Politik abréngen. D’Klimabeweegung 2019 wier ee gutt Beispill dofir.

D’Mënscherechter betreffen eis all

Jiddereen ass vun de Mënscherechter betraff, dofir soll dat och fréi an der Educatioun thematiséiert ginn. Jidderee ka sech fir d’Mënscherechter asetzen, do géif et schonn domadder ugoe sech dofir ze interesséiere wou gewësse Produiten hierkommen a wéi d’Konditioune fir d’Leit op der Plaz sinn, wou déi Gidder produzéiert ginn. Et dierft ee sech vum Gefill vun der Ohnmächtegkeet net iwwerwältege loossen, et kéint ee sech ëmmer aktiv abréngen.

De Bléck op d’Zukunft geriicht bräicht et dem Volker Türk no méi Efforte vun de politeschen Decideuren, fir de Leit eng alternativ Politik vum Matgefill ze vermëttelen. Dës Politik misst et fäerdeg bréngen, d’Leit ze motivéiere sech verstäerkt fir dat Humanitäert an der Gesellschaft anzesetzen.