Béid Täter, déi d'Dot gestanen hunn, goufen zu liewenslaangem Prisong verurteelt. Fréistens no 15 Joer an 10 Méint besteet d'Méiglechkeet, Sursis ze kréien

Zu London sinn zwee Teenager wéinst dem Mord un engem 14 Joer ale Jugendlechen mat engem Machete an engem Bus elo verurteelt ginn. De Riichter Mark Lucraft huet e Freideg um Zentrale Geriichtshaff vun der brittescher Haaptstad déi zwee Täter zu liewenslaange Prisongsstrofe verurteelt. Fréistens no 15 Joer an 10 Méint kann de Recht vun hirer Strof an e Sursis ëmgewandelt ginn. Déi zwee Jugendlech haten zum Ament vun der Dot 15 respektiv 16 Joer. Si haten zouginn, deen aneren Teenager ëmbruecht ze hunn.

De 7. Januar vun dësem Joer haten déi zwee Verurteelt an engem Bus am Londoner Staddeel Woolwich de 14 Joer jonke Kelyan Bokassa 27 Mol mat der Machet getraff. D'Affer ass kuerz drop un hire Blessure verscheet.

Fir de Riichter war et kloer, datt d'Täter de jonke Bokassa "eendeiteg" ëmbrénge wollten. Weider sot de Mark Lucraft, datt déi zwee Jugendlech wuel vun enger krimineller Gang ausgenotzt goufen. Ee vun deenen zwee wier den Autoritéiten no "Affer vu moderner Sklaverei" a vu "krimineller Ausbeutung" ginn. D'Mamm vum Affer hat no der Dot ausgesot, datt hire Jong och vu kriminelle Banden ausgenotzt gi wier.