Zuel vun den Doudesaffer am Grenzkonflikt mat Thailand klëmmt op 33

© Oddar Meanchey, Cambodia
Zanter dräi Deeg ginn et arméiert Ausernanersetzungen tëscht Kambodscha an Thailand.
Zanter Joren si wéinst dem Sträit iwwert de Grenzverlaf am historesch wichtegen Smaragd-Dräieck net méi sou vill Leit ëmkomm . Et ginn an tëscht 33 confirméiert Doudesaffer. 13 op der Säit vum Kambodscha. Thailand mellt der 20 - 14 Zivilisten a 6 Zaldoten. Am leschten arméierten Konflikt tëscht 2008 an 2011 waren 28 Leit ëmkomm.
Et gouf eng urgent Reunioun vum UNO-Sécherheetsrot zu New York. Den UN-Ambassadeur vum Kambodscha huet fir en direkte Waffestëllstand plädéiert. Nach virum Meeting hat Bangkok wësse gedoen, dass ee fir Gespréicher oppe wär. Malaysien kéint d'Roll vum Mediateur iwwerhuelen.