Ofstëmmung, fir Oppositiounspolitiker ofzewielen, koum net duerch

© AFP
E Samschdeg waren d'Populatioun am Taiwan opgeruff, doriwwer z'entscheeden, op Oppositiounspolitiker aus dem Amt gehuewe solle ginn.
Viséiert vun der Ofstëmmung ware 24 Politiker vun der Oppositiounspartei Kuomintang (KMT), déi chinafrëndlech agestallt sinn. De President Lai Ching-te hat sech erhofft, déi 24 Posten nei ze verdeelen an esou eng Majoritéit am Parlament ze kréien. Wéi d'Walkommissioun awer matgedeelt huet, hunn d'Wielerinnen an d'Wieler géint d'Ofsetze gestëmmt.
Den 23. August ass eng weider Ofstëmmung geplangt, bei där siwe Sëtz vun der KMT um Spill stinn. Där hire Chef Eric Chu huet matgedeelt, datt ee "mat der Farce" soll ophalen. Hien huet de President opgefuerdert, mat de Muechtspillercher opzehalen a sech z'entschëllegen. Vum President senger Partei DPP heescht et, datt een d'Walresultat akzeptéiere géif. D'Partei misst elo eescht "iwwer d'Reaktioun vun der Gesellschaft" nodenken.
D'Initiativ, fir d'Parlamentarier ofzesetzen, war vun enger Biergerinitiativ ausgaangen, déi der DPP nosteet. Dem taiwanesche Walrecht no kënne Biergerinitiative wärend enger Legislaturperiod Neiwalen an engem Walbezierk ufroen, wa si genuch Ënnerschrëften dofir zesummekréien.
De President Lai war bei de Presidentielle respektiv Parlamentswalen 2024 gewielt ginn, ma seng Partei, déi kritesch géintiwwer Peking agestallt ass, huet d'Majoritéit am Parlament verluer. Zanterhier hunn eng Koalitioun vun der KMT an der Taiwanescher Vollekspartei TPP d'Majoritéit am Parlament a blockéieren ëmmer nees dem Lai seng Regierung, wéi scho rezent beim Budget.
Mat dem Ofwiele vun vun de Parlamentarier vun der KMT huet sech de President erhofft, nees d'Majoritéit am Parlament ze kréien, fir esou déi rezent Kierzunge vum Budget réckgängeg ze maachen an d'Projete vu senger Regierung duerchzekréien.