Den zoustännegen EU-Kommissär Christophe Hansen huet zu Libramont, op der géister Foire am fräie fir d'Landwirtschaft, de Kontakt mat de Bauere gesicht.

An de Wise ronderëm den Ausstellungs- a Kongresszenter vu Libramont schléit den Ament d'Häerz vun der Landwirtschaft. Mat 2.800 Béischten, 700 Aussteller, an 250 Evenementer fir déi 200.000 Visiteuren, déi och dëst Joer erwaart ginn, a Laun ze halen. Hei gëtt net wéi an der Formel 1 um Circuit vu Spa-Francorchamps mat Päerd- a Kilowatt -Leeschtung gerechent, mä an Tonnen, déi esou e Steier op d'Wo bréngt.

D'Foire vu  Libramont ass awer och e politesche Rendez-vous. 
 
All Joer kommen hei och d'Problemer vun der Landwirtschaft op den Dësch. Wann d'Baueren net grad virdrun op der Strooss waren. An dee Bols huet e Samschdeg de Mëtteg de Christophe Hansen gefillt.

"D'Bauere wëlle virun allem Stabilitéit hunn, och wat d'Politik vun der Zukunft an der gemeinsamer Agrarpolitik ugeet. Dat ass natierlech och d'Finanzen. Dofir hate mer haut eng ganz Rëtsch Reunioune mat de verschiddene Gewerkschafte vun der Landwirtschaft hei aus der Belsch, notamment fir ze kucken, wat ass d'lescht Woch op den Dësch geluecht ginn ass a puncto Budget. Wat ass do dran, och fir d'Baueren. Do ass villes, wou et nach Klärungsbedarf gëtt. Mee ech mengen, deen Echange haut war wichteg, fir sech net elo d'Wochen iwwert de Summer iergendwou ze verstoppen, mee fir direkt op den Terrain ze kommen an direkt mat de Leit ze schwätzen. Fir do och keng falsch Iddien opkommen ze loossen," sou den europäesche Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel. 
 
Deem engen awer anere Bauer, ass et och gelongen, den europäesche Kommissär, perséinlech unzeschwätzen.
 
Den Thibaut Desmet vun der Ferme du Ponceau aus dem Belsche Perwez: "Ben, mon message était de lui expliquer ici qu'on a un peu du vent dans notre dos et on vend nos viandes un peu plus cher qu'avant. Mais il y a quand même toujours l'industrie qui fait la pluie et le beau temps derrière nous. Donc c'était juste pour lui expliquer qu'il fallait promouvoir le local, la qualité de nos viandes ici, surtout dans notre région, dans nos viandes belges."
 
Thema hei an den Ardennen ass och d'Zukunft vun de Bauerebetriber. 
 
Ronn 8.000 Häff vu ronn 12.400 musse bannen den nächsten 10 Joer e Successeur fannen. An dat an Zäiten, wou d'Bauer keen Dramberuff méi ass.

"Do hu mir effektiv och elo mat där neier Propositioun verschidde Saachen ugekënnegt, notamment och eng Strategie, fir de Generatiounswiessel hinzekommen. Wou national Politicken, awer och europäesch Politicke mussen zesummespillen. D'Sue sinn natierlech eppes. Mee et ass och, wann ee kuckt, firwat eeler Baueren nach weider produzéieren an net an d'Rent ginn, zum Beispill, well se net genuch Rent hunn, fir iwwert d'Ronnen ze kommen. Zu Lëtzebuerg si mer zimmlech gutt opgestallt, mee an anere Länner ass et nach vill méi dramatesch."
 
"Eis Landwirtschaft: all Betraff, all engagéiert!"
 
Mam Slogan vun der Editioun 2025, vun der gréisster Foire Agricole am fräien a ganz Europa, wëll een de Leit an d'Gewësse rieden. Jiddwer Eenzele ka mat sengem Konsumverhalen derzou bäidroen, wat fir eng Produktiounen um Enn iwwerliewen, oder net.