"Nie wieder still" ass de Motto vum Christopher Street Day 2025.

Fir ze feieren awer och fir sech fir d'Rechter vun der "LGBTIQ+"-Communautéit anzesetzen sinn honnertdausende Leit an déi däitsch Haaptstad komm. Wéi et vun der Police heescht, gouf et bis an de Nomëtteg e Samschdeg eran keng Opfällegkeeten. Verschidde Persounen, déi un enger klenger a rietsextremer Géigendemonstratioun deelgeholl hunn, goufen ënner anerem wéinst Waffebesëtz verhaft.

D'Parad, déi aus ronn 80 Ween an iwwer 100 Gruppe bestanen huet, ass vun der Leipziger Strasse, iwwert de Potsdamer Platz a Schöneberg bis bei d'Brandenburger Tor gezunn. Den Organisateuren no hätten "e puer honnertdausend Mënschen" um CSD deelgeholl. Déi aktuell gesellschaftlech a politesch Situatioun hätt déi queer Communautéit esou wéi hir Supporter a groussem Mooss mobiliséiert.

Bei der Erëffnung vum CSD huet d'Vizepresidentin vum Bundestag Josephine Ortleb (SPD) eng Ried gehalen. An engem Interview mat der AFP sot si, datt et eng grouss Éier wier, déi Ried dierfen ze halen. "Grad an der aktueller Zäit kënne mir net einfach neutral sinn, wann et drëm geet, d'Mënscherechter ze verdeedegen." D'"LGBTIQ+"-Communautéit geréit och an Däitschland ëmmer méi ënner Drock.

Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht, datt queer Leit "net fir nei Rechter kämpfen, mä fir déi aktuelle Rechter ze verdeedegen" op d'Strooss ginn, huet den Thomas Hoffmann, ee vun den Organisateure vum CSD, gesot. Schonn am Virfeld haten d'Organisateuren drop verwisen, wéi ugespaant d'Situatioun ass, wat och d'Zuele vun den Autoritéite weisen. Well d'Strofdote géintiwwer queere Mënsche ginn an de leschte Joren erop. Am Verglach mat 2010 gouf et 2024 zéng Mol esou vill Iwwergrëff op Leit, well dës eng aner "sexuell Orientéierung" oder "Diversitéit wéinst hirem Geschlecht" hunn.

Am Géigesaz zu de leschte Joren war dëst Joer awer fir den CSD zu Berlin kee Reeboufändel iwwert dem Bundestag ze gesinn. Déi Decisioun hat d'Presidentin vum Bundestag Julia Klöckner vun der CDU geholl, wat esouguer beim Koalitiounspartner SPD net gutt ukoum.

De Buergermeeschter vu Berlin, och vun der CDU, huet de Fändel awer ophänke gelooss. "Mir liewen an enger Zäit, an där mer leider nees méi Haasskriminalitéit erliewen. Schwuler, Lesben, Transpersoune ginn ugegraff, verbal an duerch Gewalt", sot de Kai Wegner der Welt. Fir hien ass et wichteg, datt d'Politik sech kloer positionéiert an e kloert Zeeche setzt.

Der AFP no ware bei der rietsextremer Géigendemo ronn zwou Dose Persoune mat dobäi. D'Fra, déi dës Demo ugemellt hat, gouf festgeholl, hat d'Police matgedeelt. Si wéi fënnef aner Leit hate goufen um Alexanderplaz, wou eng "Messer- und Verbotszone" ageriicht gouf, iwwerpréift a festgeholl. Dat wéinst Beleidegung, Notze vun Zeeche vu verfassungsfeindlechen Organisatiounen an dem Verstouss géint d'Sprengstoffgesetz. Och do, wou sech d'Géigendemonstrante versammelt haten, goufe Leit festgeholl, well si Waffe bei sech haten. D'Police war wéinst dem CSD mat ronn 1.300 Beamten zu Berlin am Asaz.