Wéi d'Police vun Tréier matdeelt, gëtt zanter e Freideg den Owend um 20 Auer e 60 Joer ale Mann vermësst, deen an d'Musel schwamme gaangen ass.

Déi éischt Sichaktioun vun der Police vu Saarburg an der Waasserschutzpolice vu Tréier op der enger a vun de Lëtzebuerger Asazekippen op der anerer Säit vun der Musel hat kee Succès, schreift déi däitsch Police.

Duerch Hëllef vun zwee Booter aus Lëtzebuerg an dem Helikopter hätt een de Beräich, an deem een nom Mann sicht, schonn e Freideg den Owend kënnen ausbreeden. Ma wéi ee bis spéit an d'Nuecht näischt fonnt hat, hunn d'Lëtzebuerger Taucher hir Sich géint 3.10 Auer e Samschdeg de Moien agestallt, kuerz drop hunn och déi aner Ekippen opgehale mat sichen.

Um Samschdeg goung d'Sichaktioun vu béide Säite weider, ma, wéi déi d'Police vun Tréier schreift, hätt dat bis ewell kee Succès gehat.