Bei enger islamistescher Attack am Nordoste vun der Demokratescher Republik Kongo stierwen op d'mannst 43 Leit, dorënner 19 Fraen an 9 Kanner. 

Wéi et heescht, goufen och Leit gekidnapped.

Am Viséier vun der islamistescher Miliz ADF war eng kathoulesch Kierch. An där hate Leit sech fir e Gebiet versammelt.
Bei der leschter Attack vun der genannter Gruppéierung waren am Februar 23 Persoune gestuerwen. Am Oste vum Kongo kënnt et ëmmer nees zu Ausenanersetzunge mat Gewalt.