Israeelesch Siidler hunn an der Nuecht op e Méindeg d'Duerf Tajbeh bei Ramallah attackéiert. Dat mellen déi palästinensesch Autoritéiten.

Am Duerf, an deem primär chrëschtlech Palästinenser liewen, hunn d'Siidler deemno ëm 2 Auer an der Nuecht lokaler Zäit op d'mannst zwee Autoen ugefaangen a "rassistesch Menacen" op hebräesch op Mausere vun Haiser gesprayt. Och solle Steng op Haiser geheit gi sinn.

Op enger Mauer ass beispillsweis de Saz "Al-Mughajjir, du wäerts et bereien" ze liesen. Al-Mughajjir ass den Numm vun engem Duerf an der Géigend vun Tajbeh, dat virdru scho vu Siidler ugegraff gouf. De palästinenseschen Ausseministère huet d'Attack als "Siidlerterrorismus" bezeechent.

An der Ëmgéigend an zu Tajbeh selwer koum et an deene leschte Méint widderhuelt zu Ugrëff vun israeelesche Siidler, dorënner och e Bommenuschlag op eng byzantinesch Kierch. Am Duerf liewen eng 1.300 gréisstendeels chrëschtlech Palästinenser.