Wie war de Mann, dee véier Leit a sech selwer erschoss huet?

© AFP
5 Persoune sinn e Méindeg bei Schëss an engem Bürosgebai zu New York gestuerwen. Grond dofir war méiglecherweis den Haass op d'American-Football-Liga NFL.
Um 18.30 Auer Lokalzäit ass e Méindeg ee Mann op der 345 Park Avenue matzen a Manhattan aus sengem Auto geklommen an huet mat engem Maschinnegewier am Grapp ee Gebai gestiermt. An der Lobby huet hien direkt dräi Persounen erschoss, dorënner ee Polizist, ee Sécherheetsmann an eng Fra, déi sech hannert enger Sail verstoppt hat. Duerno ass en op den 33. Stack gefuer, fir do eng véiert Persoun, a schlussendlech sech selwer ze erschéissen. Ma wie war den Täter a wat war säi Motiv fir dës Dot?
Wéi an diverse Medien aus den USA mëttlerweil confirméiert gouf, handelt et sech beim Täter ëm de 27 Joer ale Shane Tamura, deen op Hawaii gebuer an opgewuess ass a fir d'lescht zu Las Vegas gewunnt huet. Wéi CNN mellt, hat de Mann, dee mat sengem Auto vu Las Vegas duerch dat ganzt Land bis op New York gefuer war, ënner anerem e gültege Waffeschäin, e Revolver a Medikamenter bei sech. D'Autoritéiten aus senger Heemecht hunn der Police zu New York méi spéit matgedeelt, hien hätt eng laang Vergaangenheet mat psycheschen Erkrankungen hannert sech.
Fir e méiglecht Motiv vu senger Dot ze verstoen, ka virun allem awer seng sportlech Karriär eng zentral Roll spillen. De Shane Tamura war nämlech e fréieren High School Footballspiller bei de Granada Hills, deen duerch seng Leeschtung regional eng gewëssen Unerkennung soll genoss hunn. Am Gebai, wou d'Schëss gefall sinn, ass nieft der grousser Investment-Entreprise Blackstone och e Sëtz vun der National Football League (NFL). Aktuell gëtt an den US-Medien dowéinst als méiglech Erklärung genannt, datt speziell d'Gebai an der 345 Park Avenue wéinst sengem Haass op déi héchst Football-Liga am Land erausgesicht gouf, well hien et ni bis dohi gepackt hätt.
Dës Vermuddung gouf entretemps vum New Yorker Buergermeeschter Eric Adams confirméiert. Bei der Enquête gouf een entspriechenden Abschidsbréif fonnt.