Krichsverbriecher Ratko Mladic bleift am Prisong

© JERRY LAMPEN / ANP / AFP
De fréiere bosnesch-serbeschen Arméischef Ratko Mladic bleift am Prisong. Dat huet dat zoustännegt UN-Geriicht zu Den Haag decidéiert.
De Ratko Mladic gouf wéinst Genozid a Krichsverbriechen zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. Hie gëtt ënnert anerem fir d'Massaker vu Srebrenica responsabel gemaach. Virun 30 Joer hate serbesch Unitéiten do eng 8.000 moslemesch Jongen a Männer ëmbruecht. Et war eent vun deene schlëmmste Krichsverbriechen an Europa zënter dem zweete Weltkrich.
De Ratko Mladic sëtzt awer eréischt zënter 2011 wéinst dësem an anere Krichsverbriechen am Prisong. Hie war 16 Joer laang op der Flucht, ier hie festgeholl gouf.
Seng Affekote beschreiwen hie schonn zënter Joren als kranken a gebriechleche Mann. 2017 hate si eng éischte Kéier eng Demande gemaach, fir datt hie géif fräi gelooss ginn. Am Juni dëst Joer gouf et eng nei Demande, an där argumentéiert gouf, datt de Ratko Mladic onheelbar krank wier a just nach e puer Méint ze liewen hätt.
Déi zoustänneg Riichterin koum zur Conclusioun, datt de Gesondheetszoustand vum fréiere bosnesch-serbeschen Arméischef effektiv prekär ass, mä hie géif am Prisong gutt betreit ginn a misst net aus humanitäre Grënn entlooss ginn, esou wéi seng Affekoten dat gefrot hunn.