Tsunami-Welle vu bis zu sechs Meter registréiert - Een Doudesaffer a Japan

© Photo by HANDOUT / Geophysical Service of the Russian Academy of Sciences / AFP
No engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 8,8 en Dënschdeg virun der Ostküst vu Russland hunn Tsunami-Welle verschidde Küsten um Pazifik erreecht.
Tsunami-Welle vun dräi bis véier Meter hunn als éischt déi russesch Hallefinsel Kamtschatka net wäit vum Epizentrum getraff. Wéi d'Noriichtenagence Ria Novosti duerno gemellt huet, solle bei der Küstestad Sewero-Kurilsk duerno och Welle vu bis zu sechs Meter gemooss gi sinn. Eng Zäit no den Tsunami-Wellen ass och de Klyuchevskoy-Vulkan op der Hallefinsel ausgebrach an huet Äschen e puer Kilometer an d'Luucht gespaut. Aktuell gëtt mat Lavastréim gerechent, déi aus dem Krater austriede kéinten.
Och a Japan goufen Tsunami-Welle vun 1,3 Meter Héicht registréiert, déi och scho bei enger relativ klenger Héicht duerch hir Wellelängt an och hir Force riskéieren, wäit an d'Land anzedréngen a Schued unzeriichten. No der Warnung, déi vun de japaneschen Autoritéiten erausgi war, hat sech eng 58 Joer al Fra mat hirem Auto op de Wee an ee méi héicht Gebitt gemaach. Dobäi ass si awer mam Auto eng ronn 20 Meter héich Klipp erofgefall a méi spéit am Spidol un hire Blessure gestuerwen.
Un der Küst vu Tateyama City goufen donieft véier Pottwalen u Land geschwemmt.

© AFP
Eng ganz Rei weider Länner hunn eng Tsunami-Warnung eraus ginn, dorënner och déi US-amerikanesch Westküst, d'Philippinnen, Taiwan, China, Peru, Kolumbien, Ecuador a Mexiko.
Méi spéit hunn d'Tsunami-Welle vu ronn annerhallwem Meter och Hawaii erreecht. Da war och d'Meldung, datt fir d'Insele vu Franséisch-Polynesien Tsunami-Welle mat Héichte vu bis zu véier Meter erwaart ginn.
D’Biewen am Pazifik war dat stäerkst, dat zanter der Katastroph vu Fukushima 2011 gemooss gouf. Wéinst der Tsunami-Warnung am Pazifikraum goufen och d’Aarbechter am Atomkraaftwierk Fukushima evakuéiert. Am Reakter wäre keng Opfällegkeete festgestallt ginn. Virun 3 Meter héije Wellen ass och do gewarnt ginn. Fir de Verglach war den Tsunami 2011 nom uerge Séibiewe bal 15 Meter héich.