Portugal huet op en Neits mat uerge Bëschbränn ze kämpfen. Virun allem am Norden an am Zentrum vum Land ass d'Feier am stäerksten.

Zanter e Samschdeg sinn a Portugal nees Bëschbränn amgaangen. Mëttlerweil sollen am Ganze knapp 2.700 Pompjeeë bei de Läschaarbechte vu 17 verschiddene Bränn uechter d'Land am Asaz sinn. D'Situatioun verschäerft sech virun allem am Norden an am Zentrum vu Portugal, wou d'Feier duerch de ville Wand ëmmer weider ugedriwwe gëtt.

Besonnesch betraff ass d'Regioun ëm Arouca am Zentrum vum Land, wou eleng iwwer 700 Pompjeeën an engem Eukalyptus-Bësch géint d'Flame kämpfen. "Dat ass dat Feier, op dat mir aktuell all eis Efforten a Verstäerkunge konzentréieren", sou de Leeder vum Zivilschutz Mario Silvestre. Komplizéiert gestalte sech beispillsweis och d'Läschaarbechten an der nërdlecher Uertschaft Ponte da Barca, enger Biergregioun, wou sech d'Feier dem Buergermeeschter Augusto Marinho no duerch "immens vill Wand séier ausbreet" a bis elo scho ronn 2.000 Hektar zerstéiert huet. En Deel vun den Awunner huet hei missten evakuéiert ginn.

Bis ewell goufen a ganz Portugal 20 Persoune liicht blesséiert, dovunner 14 Pompjeeën. De Regierungschef Luis Montenegro schwätzt vun engem "schwierege Moment" fir d'Land. Et geet een aktuell dovunner aus, datt sech d'Feier an den nächste Stonnen an Deeg wéinst der Hëtzt an Dréchent weider ausbreede wäert. Fir ganz Portugal gëllt dowéinst och een erhéicht oder deelweis och maximaalt Bëschbrandrisiko.