Ryanair-Chef fuerdert Récktrëtt vu President vu Fluchsécherung

© AFP
En technesche Problem bei der brittescher Fluchsécherung Nats huet a Groussbritannien zu der Annulatioun an der Deviatioun vun Dosende Volle gefouert.
Betraff vun der Stéierung vum Fluchsécherungsdéngscht Nats e Mëttwoch waren ënnert anerem d'Fluchhäfen Heathrow zu London - de Fluchhafen an Europa mam meeschten Trafic - a Gatwick, souwéi Edinburgh. Bis e Mëttwoch den Owend wiere 67 Departen a 55 Arrivéeën annuléiert ginn, heescht et vun der Entreprise Cirium. Eng Rei weider Flich goufen deemno ëmgeleet.
Vill Fluchgesellschaften hu sech iwwer d'Annulatioune matten an der Summervakanz opgereegt. De Chef vu Ryanair, den Neal McMahon, huet de President vun der Fluchsécherung, de Martin Rolfe, opgefuerdert, wéinst der Stéierung zréckzetrieden. Et wier net ze gleewen," datt d'Passagéier schonn nees vu Verspéidungen a Fluchausfäll betraff sinn", huet de McMahon kritiséiert. "Et ass offensichtlech, datt aus dem Systemausfall bei Nats am August 2023 keng Léiere gezu goufen."
2023 hat d'Fluchsécherungsautoritéit dee schlëmmsten Ausfall vum System a Groussbritannien zanter engem Joerzéngt. Dausende Passagéier souzen op de Fluchhäfe fest.
Och de Chef vun Easyjet, den David Morgan, huet et als "enttäuschend" bezeechent, schonn erëm en Ausfall z'erliewen, "deen eise Clienten an dëser fir de Reestrafic sou wichteger Zäit Schwieregkeete bréngt". E Spriecher vum brittesche Verkéiersministère huet erkläert, datt een enk mat der Fluchsécherung géing zesumme schaffen, fir d'Ursaach vum Problem z'ermëttelen.