President Aoun wëll Hisbollah Waffen ewechhuelen

© Ahmad Al-Rubaye / AFP
De libaneesesche President Joseph Aoun huet säi Wëllen, "allen arméierte Gruppen, dorënner der Hisbollah, d'Waffen ewechzehuelen", betount.
Dat sot den Aoun en Donneschdeg a senger Ried am Kader vum Dag vun der Arméi, deen e Freideg am Libanon gefeiert gëtt. De Staat soll am ganze Gebitt vum Land d'Kontroll iwwerhuelen, sot de President weider.
E puer Deeg virdrun hat den Hisbollah-Chef Naim Kassem sech iwwer d'Entwaffnung vu senger Miliz opgereegt. Wien esou eppes verlaangt, géing dem "israeelesche Projet" déngen, sot de Kassem an enger Usprooch op der Tëlee am Kader vum éischte Joresdag vum Mord um héichrangege Kommandant Fuad Shukr duerch Israel.
Iwwerdeem huet den US-Vertrieder Tom Barrack de Kassem beschëllegt, de Libanon "anzeschüchteren". Dat no engem Treffe mam libaneesesche Regierungschef Nawaf Salam zu Beirut, bei deem hien dorop gedrängt huet, der Hisbollah d'Waffen ewechzehuelen.
Am Krich tëscht Israel an der pro-iranescher Miliz war am November eng Wafferou decidéiert ginn. De Libanon huet Israel allerdéngs reprochéiert, géint d'Waffepaus verstouss ze hunn. Israel sengersäits huet et zur Konditioun fir e Stopp vun den Attacke gemaach, datt d'Hisbollah entwaffent gëtt. Am Géigenzuch fir d'Entwaffnung huet de Libanon Garantië fir e komplette Réckzuch vun den israeeleschen Truppe gefuerdert.

De libaneesesche President Joseph Aoun / © AFP