An der Nuecht vum 30. Juli 2025 war viru Kamtschatka eent vun de stäerksten Äerdbiewen zanter Joerzéngten.

Mat enger Magnitud vun 8,8 an an enger Déift vu ronn 20 Kilometer huet d’Biewe sech op oppenem Mier, zirka 130 Kilometer virun der Küst, ofgespillt.

Laut dem US Geological Survey ginn et nach ëmmer staark Nobiewen an der Regioun.

Vergläichbar war dëst Biewe mat deem vun Tōhoku a Japan am Joer 2011, dat net nëmmen zu engem Tsunami, mee och zu der Fukushima-Katastroph gefouert huet. Béid Evenementer hu sech an enger Subduktiounszon ofgespillt, do wou déi pazifesch Plack ënnert déi nordamerikanesch dréckt.

Dës Zonen, esou den Dr. Andreas Schäfer vum CEDIM um Karlsruher Institut für Technologie, si besonnesch uerg:

"De Pazifik ass vu Subduktiounszonen ëmginn, dat heescht, do treffen ozeanesch Placken ënnert kontinental Placken. Dës Konstellatioun, zesumme mat enger séierer Plackebeweegung, féiert zu staarken Äerdbiewen. Japan, Kamtschatka, Chile oder Indonesien hu genee dat gemeinsam.“

Wéi den Dr. Joachim Saul vum GFZ Helmholtz-Zentrum zu Potsdam betount, fënnt een esou staark Äerdbiewen net nëmmen am Nordpazifik:

"Äerdbiewe mat enger Magnitud vu méi wéi 8,5 goufen och viru Sumatra a Chile am Joer 2010 gemooss. Dat weist, dass sou Evenementer weltwäit an aktive Subduktiounszonen optrieden.“

Wisou ass dës Regioun seismesch esou aktiv?

D’Äerdplacke beweege sech konstant, mat e puer Zentimeter pro Joer. Wéi den Dr. Schäfer erkläert, ka sech iwwer Joerzéngten oder Joerhonnerte Spannung usammelen:

"D’Energie baut sech op, well d’Placke sech verhake kënnen. Dës Spannungen entluede sech dann op ee Mol, dat féiert zu engem Äerdbiewen. Beim Biewe viru Kamtschatka gouf eng Beweegung vu bis zu 10 Meter gemooss. Dat bedeit, esou Äerdbiewen op där selwechter Plaz widderhuele sech nëmme ganz seelen, et verginn dacks Joerzéngte bis Joerhonnerten.“

Wat ass en Tsunami?

Direkt nom Biewe goufen Tsunami-Warnunge fir d’Regioun ronderëm de Pazifik ausgeruff. Laut dem Prof. Dr. Heidrun Kopp vum GEOMAR zu Kiel hänkt de Risk vun engem Tsunami haaptsächlech vun der Struktur vum Mieresbuedem of:

"Wat de Broch méi no uewe läit, a jee méi vertikal d’Verschibung ass, desto méi grouss ass de Potenzial fir en Tsunami. Dës Broch-Zone si ganz komplex an ënnerschiddlech, souguer bei änleche Magnituden entstinn ënnerschiddlech Wellen.“

Dem Dr. Joachim Saul no war d’Ausmooss vum Tsunami dës Kéier relativ moderat:

"D’Biewen hat eng Déift vun ongeféier 20 Kilometer, dat ka schonn en Tsunami ausléisen, mee net onbedéngt e groussen. Déi éischt Beobachtungen deiten dorop hin, dass d’Wellen net héich genuch waren, fir gréisser Schied iwwer eng grouss Distanz unzeriichten.“

Fukushima
Viru genee 10 Joer huet een Tsunami fir eng Atomkatastroph gesuergt.

Gefor vun Nobiewen

Eng grouss Suerg bleiwen déi staark Nobiewen, déi scho geschiedegt Infrastruktur komplett kënnen zerstéieren. Den Andreas Schäfer warnt:

"Am schlëmmste Fall ka mat engem Nobiewe vun der Magnitud 7,8 an den nächste Wochen ze rechne sinn. Och wann dat net sécher ass, muss een d’Stabilitéit vun de Gebaier direkt iwwerpréiwen.“

D’Fro, ob esou e Biewen och Spannungen an anere Regiounen am Pazifik ausléise kënnen, ass ënner Experte kontrovers. Wéi de Joachim Saul seet: "Dat halen ech fir onwarscheinlech.“

De Roby Fehlen erzielt a "Mäi Wee", wéi hien den Tsunami 2004 erlieft huet

"Mäi Wee" - Geschichten aus dem Liewen: Traurege Gebuertsdag fir Tsunami 2004
De Roby Fehlen erzielt eis, wéi hie bei der schlëmmer Naturkatastroph no Lëtzebuerger Iwwerliewender gesicht an dee Moment erlieft huet.

Dësen Artikel gouf mat Informatiounen, déi vum Science Media Center gesammelt goufen, geschriwwen.