Weider liewenslaang Prisongsstrof fir schweedeschen Dschihadist

© AFP
10 Joer no der brutaler Ermordung vun engem jordanesche Pilot gouf elo ee schweedeschen IS-Dschihadist zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt.
Den Ugekloten hätt definitiv zum Doud vum Affer bäigedroen, soudatt hien als Mattätter anzegesi wier, huet d'Riichterin Anna Liljenberg Gullesjö engem Schreiwes vum Geriicht zu Stockholm no erkläert. De jordanesche Pilot war vum Islamesche Staat festgeholl ginn, nodeems hie mat sengem Arméifliger Enn 2014 a Syrien erofgefall war. D'Dschihadisten hunn hien an engem Käfeg lieweg verbrannt.
D'Maschinn vum jordanesche Loftwaffepilot war am Dezember 2014 a Syrien net wäit vun der Stad Rakka, déi deemools an hirer Kontroll war, erofgefall. Op engem 22 Minutte laangem Video, dee mat reliéisem Gesang ënnerluecht gouf, huet den IS gewisen, wéi si de Pilot verbrannt hunn.
De Krayem hat sech 2014 dem IS a Syrien ugeschloss. Wéinst der Participatioun un der Planung vun den islamisteschen Uschléi zu Paräis mat 130 Doudegen am Joer 2015 war hien a Frankräich zu enger Prisongsstrof vun 30 Joer verurteelt ginn. E belscht Geriicht hat hien ausserdeem wéinst der Participatioun un de Bommenattentater zu Bréissel mat 32 Doudesaffer am Joer 2016 zu liewenslaangem Prisong verurteelt.