E Freideg huet d'Appellsgeriicht d'Urteel vun zejoert géint den Dodik confirméiert. De bosnesche Serb muss deemno fir ee Joer an de Prisong.

Ausserdeem däerf hie wärend sechs Joer kee politescht Amt ausüben. De Milorad Dodik war wéinst der Mëssuechtung vun Decisioune vum Héije Representant vun der UNO fir Bosnien-Herzegowina verurteelt ginn. D'Entscheedung an éischter Instanz hat eng massiv Kris a Bosnien-Herzegowina ausgeléist - Observateuren no souguer déi gréisst zanter dem Bosniekrich vun 1992 bis 1995. D'EU huet elo drun appelléiert, d'Urteel ze respektéieren.

E weidere Recours géint d'Decisioun vum Appellsgeriicht ass net méiglech. Den Dodik hat de komplette Prozess géint hien als "politesch" motivéiert bezeechent, dausende vu senge Supporteren hunn dogéint demonstréiert. Dës weideren huet d'Parlament vun der Republika Srpska et den zentralen Autoritéite vum Land ënnersot, hir Aarbecht am majoritär serbesche Landesdeel vu Bosnien-Herzegowina ze maachen, dat als Reaktioun op d'Urteel géint den Dodik.

De Milorad Dodik hat am Juli zejoert zwee Gesetzer a Kraaft gesat, déi d'Ëmsetze vun Decisioune vum Héijen UN-Representant fir Bosnien-Herzegowina, dem Christian Schmidt, an der Republika Srpska ënnersoen an ass dowéinst och zur Prisongsstrof verurteelt ginn. Am Abrëll hat déi bosnesch Police versicht, den Dodik festzehuelen, wéi hie sech am Oste vun der Haaptstad Sarajevo opgehalen huet. D'Verhaftung gouf allerdéngs vun Unitéite vun der Police aus dem serbesche Landesdeel verhënnert.

Bosnien-Herzegowina ass zanter dem Enn vum Bosniekrich viru knapp 30 Joer an zwee Deeler gespléckt: An d'Federatioun, an där gréisstendeels ethnesch Kroaten a Mosleme liewen, an d'Republika Srpska mat haaptsächlech ethnesche Serben. Béid hallef-autonom Landesdeeler hunn eege Regierungen a Parlamenter a sinn duerch eng schwaach Zentralregierung matenee verbonnen. D'Republika Srpska dreet ëmmer nees domadder, sech vum Rescht vu Bosnien-Herzegowina ofzesplécken.