Déi däitsch Bundesregierung wëll sech fir méi Gaza-Hëllef asetzen

Zanter e Freideg wërft déi däitsch Bundeswehr dofir och Hëllefsgidder iwwer der Gazasträif of
Den Ausseminister Wadephul gesäit doran e Progrès, mee et géing natierlech bei wäitem net duergoen. De Kanzler Merz wëll Hëllef iwwer dem Landwee erméiglechen. Iwwer 6.000 Camionen sti mat Hëllefsgidder bereet a waarden op d’Erlabnis fir eran.
Zanter Mäerz blockéiert Israel d’Gazasträif komplett. Och an Däitschland ginn ëmmer méi Fuerderungen haart, fir Sanktioune géint Israel ze huelen.
Déi islamistesch Terrororganisatioun Hamas huet elo och e Video vun enger israeelescher Geisel verëffentlecht. Op der Opnam wier een hallef verhongerte Mann an engem Tunnel a Gaza ze gesinn. An de Video goufen och Biller vun staark ënnerernierte Kanner geschnidden.
Fréier Geiselen reprochéieren der Hamas, hir eege Bevëlkerung aushéngeren ze loossen. Si hunn dem éisträicheschen Sender ORF confirméiert, dass och si esou festgehalen goufen. Si soen, d’Hamas géing de Mënschen d’Iessen klauen.