Tonneweis Drogen an Europa geschmuggelt

© AFP (Archiv)
En tierkesche Staatsbierger an e Bulgar sollen iwwer Joren Heroin respektiv Kokain an de Schengenraum geschmuggelt hunn.
Wéinst dem presuméierte Schmuggel vun tonneweis Drogen ass um Fluchhafen Düsseldorf e Verdächtege festgeholl ginn. De 44 Joer ale Mann soll enger krimineller Band ugehéieren an an de Joren 2020 an 2021 Drogen aus der Tierkei iwwer Däitschland an aner europäesch Länner bruecht hunn, dat hunn d'Bundeskriminalamt zu Wiesbaden an de Parquet général vu Frankfurt e Freideg matgedeelt.
De Mann soll och mat den Droge gehandelt hunn. Am Ganze solle den tierkesche Staatsbierger iwwer 800 Kilogramm Heroin an de Schengenraum geschmuggelt hunn. Um Transport soll och en 48 Joer ale Bulgar bedeelegt gewiescht sinn. Hie gouf am Juni a Serbien festgeholl a soll un Däitschland ausgeliwwert ginn, sou déi däitsch Enquêteuren.
De 44 Joer ale Mann, deen zu Düsseldorf festgeholl gi war, sëtzt antëscht an Däitschland an Untersuchungshaft.
De Mann aus Bulgarien soll iwwerdeems als Member vun der krimineller Band eng professionell funktionéierend Liwwer- an Transportkette fir de Schmuggel vun Drogen organiséiert hunn. Den Transport vun den Droge fir sech selwer an anerer hätt hie selwer iwwerholl a méi wéi 1,2 Tonne Kokain an Heroin transportéiert. Dofir hätt hie méi wéi 3,4 Milliounen Euro kasséiert, sou nach d'Enquêteuren.