"Elo schonn e Succès fir de russesche President"
Den US-President Donald Trump a säi russeschen Homolog Wladimir Putin gesi sech e Freideg an Alaska op engem entscheedende Sommet.
Mat Suerg a vläicht engem Fonken Hoffnung kucken d‘Ukrainer an hir Europäesch Alliéiert e Freideg den Owend op Anchorage am amerikanesche Bundesstaat Alaska. Op der Plaz ass och den RTL-Korrespondent Philip Crowther.
Do wäert den US-President Trump um 21.30 Auer eiser Zäit säi russeschen Homolog Wladimir Putin empfänken, fir iwwer eng méiglech Wafferou an der Ukrain ze diskutéieren. Ouni den ukrainesche President Selenskyj.
De Putin wäert fir déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain am Februar 2022 nees am Weste sinn. Net just d’Format - eng Entrevue ënner véier Aen tëscht den zwee Presidenten - ass ëmstridden, mee och de Choix vun der Plaz. Op amerikaneschem Territoire, no bei Russland. Quasi eng Rehabilitatioun vum russesche President op internationaler Bün, géint dee jo och e Mandat vum internationale Geriicht zu Den Haag virläit. Weder Russland, nach d’USA awer erkennen dat Geriicht un.
Op der Militärbasis Elmendorf-Richardson soll et fir d’éischt zu engem private Gespréich tëscht de Presidente kommen, duerno sollen d’Delegatioune bäistoussen. D'Gespréicher sollen eng sechs bis siwe Stonnen daueren. Duerno soll et, Moskau no, zu enger gemeinsamer Pressekonferenz kommen. Dat wär markant, esou den RTL-Korrespondent Philip Crowther a géif signaliséieren datt et eng gutt Reunioun gewiescht wär.
Et geet um Sommet ëm d‘Sécherheet vun der Ukrain an Europa. Just sëtzt vun de Concernéierte keen um Dësch. Am Virfeld gouf sech zwar mat den USA ofgeschwat, mee dat dierft et mam Afloss gewiescht sinn, seet de Philip Crowther. D’Angscht vun der Ukrain wier et, datt hei iwwer hiren Territoire geschwat gëtt, ouni datt si mat um Dësch sëtzen. Den Donald Trump huet jo vun engem Tosch vun Territoire geschwat, et geséich een awer net wierklech wéi eng Territoiren d’Ukrain vu Russland kéint kréien.
Déi lescht Méint hu gewisen, datt den Donald Trump dem Wladimir Putin ëmmer nees entgéint komme wollt. Dat op Käschte vun der Ukrain. Eréischt am Februar war den ukrainesche Staatschef am zum Washington D.C. am Oval Office viru lafender Kamera humiliéiert ginn.
Elo schonn ee Succès fir de Putin

Den US-President geet u Bord vun der Air Force One, déi hien op de Sommet mam Putin zu Alaska bréngt. / © AFP/ANDREW CABALLERO-REYNOLDS
Russland gewënnt den Ament vill Territoire an der Ukrain. De Wladimir Putin huet sech an de leschte Méint trotz allméiglechen Avancë vum Donald Trump net beaflosse gelooss a bleift weider bei senge Maximalfuerderungen. Virun engem Waffestëllstand misst d’Ukrain Gebidder oftrieden, esou déi russesch Fuerderung. De President Selenskyj huet dat am Virfeld scho kategoresch refuséiert. Mam Drockmëttel vu sekundäre Sanktiounen - héich Stroftaxen op d'Handelspartner vu Russland, déi d’Krichswirtschaft esou matfinanzéieren - koum dës Entrevue iwwerhaapt mol zustanen.
Et wéisst een net wierklech, mat wéi enger Atmosphär den Owend op der Militärbasis ze rechne wär, seet de Philip Crowther. "Eppes kann een de Moment scho ganz kloer soen: et ass e Succès fir de Wladimir Putin, fir esou eng Reunioun iwwerhaapt hei op amerikaneschem Territoire ze hunn."
Den Trump huet de Sommet ee Meeting genannt, fir ee Gefill ze kréien an de Putin,deen hie fir d'lescht 2019 gesinn huet, ze testen. Den US-President sot e Freideg, hie géif net an Alaska goen, fir ze "negociéieren".
Den Donald Trump huet d’Erwaardungen, datt et op dësem Sommet zu Resultater kënnt, deemno schonn déif erofgeschrauft. De Risk besteet awer och, datt hie Russland Zougeständnesser kéint maachen, fir zu engem séiere Resultat ze kommen. Ëmmerhi gëtt dem amerikanesche President een Dram nogesot, deen ee mat Geld net kafe kann: de Friddensnobelpräis.
D'Ukrain an europäesch Partner blécke gespaant op Alaska

Net mat derbäi: den ukrainesche President Selenskyj. / © AFP/Andreas SOLARO
Den Trump hat de Putin op deem seng Suggestioun hin agelueden, ma an de leschten Deeg ass den US-President méi defensiv ginn an huet gewarnt, datt d'Treffe bannent Minutte kéint eriwwer sinn, wann de Putin net zu Kompromësser bereet wier.
U Bord vun der Air Force One um Wee fir an Alaska huet den Trump allerdéngs positiv geklongen: "Et gëtt ee gudden Niveau u Respekt op béide Säiten an ech mengen, et wäert eppes dorausser entstoen."
All Wuert a Geste wäert vun europäesche Leaderen an natierlech och dem ukrainesche President Selenskyj suivéiert ginn, deen net beim Treffen derbäi wäert sinn a sech ëffentlech dem Drock vum US-President widdersat huet, de vu Russland besaten Territoire ofzetrieden. "Et ass Zäit, de Krich op en Enn ze bréngen, an déi néideg Schrëtt musse vu Russland ënnerholl ginn", esou de Selenskyj an engem Bäitrag an de Soziale Medien.
Iwwert déi neisten Entwécklungen hale mir Iech och an eisem internationale Liveticker informéiert.