De mat Spannung erwaarte Sommet vun Trump a Putin ass ouni konkreet Resultater op en Enn gaangen.

Keen "Deal" fir d'Ukrain a vill oppe Froen: De Sommet tëscht dem US-President Donald Trump an dem russesche Staatschef Wladimir Putin zu Anchorage am US-Bundesstaat Alaska ass ouni grouss Resultater op en Enn gaangen. Den Trump wéi och de Putin hunn d'Treffe wuel als "produktiv" bezeechent, zu Detailer vun hirem Gespréich a wat ee genee festgehalen huet, hu si sech allerdéngs net geäussert. "Et gëtt keen Deal, ier et een Deal gëtt", sou den US-President.

De Putin huet dat éischt bilateraalt Treffe mam Trump zanter siwe Joer als "konstruktiv" bezeechent an huet d'Gespréichsatmosphär "respektvoll" genannt. "Mir hoffen, datt déi vun eis erziilt Verstännegung (...) de Wee fir e Fridden an der Ukrain fräi mécht", sou nach de russesche President no de knapp dräi Stonne laange Berodungen. De Kremlchef huet dann och d'Ukrainer an d'Europäer dozou opgeruff, eng Friddensléisung net "duerch Provokatiounen oder Intrigen hannert de Kulissen ze ënnergruewen".

Den Trump huet sengersäits vun engem "extrem produktiven Treffe" mam Putin mat ville Resultater geschwat. Et wieren nëmmen nach "ganz wéineg" Punkten oppen, sou den Trump, ouni Detailer ze nennen. "Mir sinn nach net um Zil, ma mir hunn eng ganz gutt Chance, et ze erreechen", sou den US-President. Hien huet um Heemwee mat NATO-Alliéierten, mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, grad esou wéi mat weideren europäesch Staats- a Regierungscheffen telefonéiert, fir si iwwer d'Inhalter vun der Entrevue z'informéieren.

De Putin huet nom Sommet nach emol betount, fir eng Friddensléisung an der Ukrain misst "e gerecht Gläichgewiicht am Sécherheetsberäich an Europa an an der Welt insgesamt nees hiergestallt ginn". Hien hätt "méi wéi eemol gesot, datt d'Resultater an der Ukrain fir Russland mat grondleeënde Menacë mat eiser nationaler Sécherheet verbonne sinn", sou de Putin.

De russesche Staatschef huet iwwerdeems dem Trump eng Géigeninvitatioun ugebueden. "Déi nächste Kéier zu Moskau", sou de Putin op Englesch. "Oh, dat ass interessant", sou d'Reaktioun vum Trump. "Ech wäert dofir e bësse Kritik kréien, ma ech kéint mir virstellen, datt et méiglecherweis geschitt." Froe vu Journalisten hunn déi zwee Staatscheffen net zougelooss.

U sech wollten den Trump an de Putin an Alaska ënner véier Aen beroden an nëmmen Dolmetscheren dobäi hunn. Um Enn war d'Ronn awer méi grouss. Mat dobäi waren den Ausseminister Marco Rubio an de Sonnerbeoptraagte Steve Witkoff. De Putin hat den Ausseminister Sergej Lawrow an de Kreml-Beroder Juri Uschakow fir d'Gespréich matbruecht. De Sommet, dee kuerzfristeg organiséiert gi war, stoung ënnert dem Motto "Pursuing Peace" (am Fridde schaffen).

RTL

© AFP

Sou onkloer d'Resultater vum Sommet, esou pompös hat den Trump de Putin zu Anchorage am Nordweste vun den USA empfaangen. Hien hat um Fluchhafe vun der Militärbasis Elmendorf-Richardson de rouden Teppech fir de Kremlchef ausrulle gelooss. Den Trump huet dem Putin applaudéiert, wärend de jorelaang vum Westen net gutt ugesinnene Kremlchef vum Fliger aus op hien zougelaf ass. Duerno hu sech béid Presidenten d'Hand ginn, hu gelaacht a matenee geschwat. Op engem Podium mat der Schrëft "Alaska 2025" hu si sech eng weider Kéier d'Hand ginn, ier se dunn zesummen an déi gepanzert Limousin vum US-President Trump geklomme sinn.

RTL

© AFP

Et war den éischte bilaterale Sommet tëscht dem Trump an dem Putin zanter engem Treffen an der finnescher Haaptstad Helsinki am Juli 2018. Fir de Putin war et donieft déi éischt Renconter mat engem US-President, zanter hien de Befeel fir den Ugrëff op d'Ukrain am Februar 2022 ginn hat.

De Kremlchef war vun den USA an hiren Alliéierten doropshi jorelaang isoléiert. Den Internationale Strofgeriichtshaff hat am Mäerz 2023 wéinst Krichsverbriechen een Haftbefeel géint de Putin erausginn. Kritiker hunn dem Trump dowéinst reprochéiert, dem Putin fir d'éischte Kéier nees eng grouss Bün ze bidden.

Den Trump hat an de leschten Deeg betount, de Sommet mam Putin géing an éischter Linn de Virbereedunge fir een Dräiertreffe mam Selenskyj déngen. Den ukrainesche President huet e Samschde Moie wësse gedoen, hie géif säin amerikaneschen Homolog e Méindeg zu Washington gesinn, a géif dem Trump säi Virschlag vun engem trilaterale Gespréich ënnerstëtzen.

Den Trump huet och seng Menace "ganz uerg Konsequenze" fir Russland, sollt een d'Attacken op d'Ukrain net direkt stoppen, net widderholl. Eréischt virun enger Woch hat den US-President een Ultimatum un de Putin ouni Folgen auslafe gelooss.

RTL-Korrespondent Philip Crowther analyséiert Alaska-Sommet
Den Donald Trump wëll keng Wafferou, ma direkt Friddensverhandlungen - dat spillt der Ukrain net an d'Kaarten.