Bei der Lagerung oder Produktioun vu Munitioun enger Fabrick an der Regioun Rjasan sinn op d'mannst 9 Persoune gestuerwen.

Donieft wiere méi wéi 120 Leit blesséiert ginn, mellt déi russesch Noriichtenagence Tass. De Gouverneur Pawel Malkow hat op Telegram ugangs just vun engem Brand an engem Betrib geschwat.

Et handelt sech ëm eng Fabrick, an där Schéisspolfer a Sprengstoff produzéiert ginn. Ee Gebai vum Betrib wier no der Explosioun an e Koup gefall. Zur Ursaach gëtt et nach keng Informatiounen, op der Plaz wier awer den Ausnamezoustand declenchéiert ginn. Ermëttler enquêtéiere scho wéinst méigleche Verstéiss géint d'Sécherheetsvirschrëften.

Schonn an der Vergaangenheet war et an der Regioun zu änlechen Incidente komm. 2021 ware bei enger Explosioun an engem Wierk vun der selwechter Entreprise 17 Mënschen ëm d'Liewe komm.

D'Regioun ass och ëmmer nees Zil vun ukraineschen Attacke mat Dronen, mat deene sech Kiew géint déi russesch Invasioun wier. De Moment gëtt et awer keng Indicen, déi op en Aschlag oder op Sabotage géingen hindeiten.