Meedche mëssbraucht - presuméierten Täter a Rumänien festgeholl

© AFP
E Kand vu sechs Joer war an der Schwämm Rulantica verschwonnen a baussent dem Park mëssbraucht ginn. No enger internationaler Sich gouf e Mann festgeholl.
Nom presuméierte sexuelle Mëssbrauch vun engem klenge Meedchen a Baden-Württemberg ass en 31 Joer ale Verdächtege aus Rumänien festgeholl ginn. Dat huet déi däitsch Police e Freideg den Owend matgedeelt. Nom Mann war mat engem internationalen Haftbefeel gesicht ginn.
De presuméierten Täter kritt reprochéiert, dat sechs Joer aalt Kand virun enger Woch (9. Juli) aus der Schwämm Rulantica am Europa-Park Rust an e Bësch gelackelt a sexuell Handlungen un him virgeholl ze hunn. Eréischt zwou Stonne méi spéit war d'Kand fënnef Kilometer ewech vun der Schwämm fonnt ginn. D'Meedche soll an der Schwämm seng Elteren aus den Aen verluer hunn. De Mann hat dat wuel matkritt an him Hëllef ugebueden.
De Mann gouf e Freideg am spéiden Owend festgeholl, dat huet d'Police vun Offenburg matgedeelt. Weider Informatiounen huet ee keng bekannt ginn.
De presuméierten Täter, deen an der Regioun vum Virfall lieft a selwer an der Schwämm war, war duerch Iwwerwaachungskameraen identifizéiert ginn. Nom Mann war mat engem Haftbefeel wéinst dem Verdacht vum sexuelle Mëssbrauch vum Kand gesicht ginn. Aktuell ginn et eng Hiweiser op eng Vergewaltegung. Och soss hat d'Kand nom Virfall keng kierperlech Blessuren.