Honnerten Doudeger no Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen

© AFP
Zolidd Iwwerschwemmungen hunn an der Regioun Kaschmir an Indien wéi och am Norde vu Pakistan vill Doudesaffer gefuerdert.
Nom uerge Reen mat zolitten Iwwerschwemmungen an Äerdrutsche klëmmt de Bilan un Doudegen a Blesséierten ëmmer weider. Am Norde vu Pakistan an am indesch kontrolléierten Deel vun der Regioun Kaschmir si bannent de leschten 48 Stonnen op d'mannst 344 Persounen ëm d'Liewe komm, sou d'Autoritéiten um Samschdeg. Déi meescht Doudeger, 328, gouf et an der Regioun Khyber Pakhtunkhwa, sou déi lokal Katastropheschutzautoritéit.
Déi meescht wieren duerch d'Iwwerschwemmungen oder wéi hir Haiser vun de Waassermasse mat ewechgerappt gi wiere gestuerwen.
D'Rettungsekippen op der Plaz hunn der Noriichtenagence AFP matgedeelt, datt si mat 2.000 Leit am Asaz wieren, fir Iwwerliewender a Läichen ze fannen. Och Zaldote sinn op der Plaz am Asaz. D'Rettungsaarbechten an der ofgeleeëner Regioun sinn awer net einfach an et ass weidere Reen gemellt.
D'Iwwerschwemmunge waren duerch zolitte Reen ausgeléist ginn. Et handelt sech ëm déi zweet schwéier Iwwerschwemmungskatastrophe an Indien an dësem Mount. Déi lescht Woch hat Héichwaasser d'Himalaya-Stad Dharali am Bundesstaat Uttarakhand ënner Bulli begruewen. D'Zuel vun den Doudege läit warscheinlech bei iwwer 70, ass awer nach net offiziell confirméiert ginn.
D'Regionalregierung huet déi sechs Regiounen, déi aktuell am uergste Betraff sinn, zu Katastrophegebidder erkläert.
Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen a Pakistan an Indien si wärend der Monsunzäit, déi an der Reegel vu Juni bis September geet, keng Seelenheet. 2022 hat e Monsun een Drëttel vu Pakistan iwwerschwemmt, 1700 Persoune waren ëm d'Liewe komm. Duerch de Klimawandel gi Wiedere weltwäit Experten no méi extrem a se komme méi heefeg vir.