Véier Jugendlecher bei Autosaccident ëm d'Liewe komm

© AFP (Archiv)
Bei engem schwéiere Verkéiersaccident zu Kürten an der Géigend vu Bergisch-Gladbach (NRW) sinn am fréie Samschdegmoie véier Jugendlecher ëm d'Liewe komm.
E Samschdeg de Moie fréi war wuel e 16 Joer ale Chauffeur mam Gefier vu sengen Eltere ënnerwee an ass dobäi schwéier verongléckt. An enger Kéier ass de Jugendleche vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Den Auto gouf dobäi komplett zerstéiert. Hie sollt den Auto ouni d'Wësse vun den Eltere geholl hunn.
Op der Plaz gestuerwe sinn zwee 19 Joer al Männer wéi och e 14 an e 16 Joer aalt Meedchen. De Chauffeur selwer huet schwéier blesséiert iwwerlieft.
Déi genee Hannergrënn vum Accident sinn nach onkloer.