Een Doudegen a 27 Blesséierter bei Zuchongléck

© AFP
Den Zuch war an der Géigend vum Duerf Bjerndrup no enger Kollisioun mat engem anere Gefier entgleist.
Bei engem Zuchongléck am Süde vun Dänemark ass e Freideg eng Persoun ëm d'Liewe komm. Bei der Kollisioun vun engem Schnellzuch an engem landwirtschaftleche Gefier wier eng 60 Joer al Fra ëm d'Liewe komm, dat huet d'Police e Samschdeg matgedeelt. Weider 27 Persoune wiere blesséiert ginn. Fënnef dovunner, dorënner de Maschinist, sinn den Informatiounen no an engem kriteschen Zoustand.
D'Ongléck ass an der Géigend vum Duerf Bjerndrup, ronn 15 Kilometer vun der däitscher Grenz ewech geschitt. Dat landwirtschaftlecht Gefier huet d'Schinnen op enger Plaz ouni Barrièrë passéiert.
Den Zuch wier mat "enger relativ héijer Vitess" ënnerwee gewiescht, sou d'Police. Eng Enquête soll elo weisen, ob d'Luuchte- an d'Tounsignal zum Zäitpunkt vum Accident richteg funktionéiert hunn.
Dänesch Medien hu gemellt, datt op d'mannst zwee Waggonen entgleist wieren. Der Bunnentreprise DSB no ware 95 Leit u Bord vum Zuch, dee vun der Haaptstad Kopenhagen op Sönderberg ënnerwee war.