Entscheedend Deeg fir d'Ukrain

© Ben STANSALL / POOL / AFP
D’Alliéiert vun der Ukrain berode sech e Sonndeg ëm 15 Auer, wéi et nom Trump-Putin-Sommet an Alaska virugoe soll. De Luc Frieden hëlt och drun deel.
D’Videokonferenz gouf vum Bundeskanzler Merz, zesumme mam franséische President Macron a mam brittesche Premier Starmer organiséiert.
Kënnt ee sech méi no?
Den US-President Trump hat no sengem Rendez-vous mam russeschen Homolog Wladimir Putin keng Wafferou méi gefuerdert, mee direkt e Friddensofkommes. Et ass net kloer, a wéi wäit hie géing matgoe bei de russesche Fuerderungen, dass d’Ukrain soll Territoire oftrieden. En Insider sot der AFP, de Putin géing de ganzen Donbass fuerderen, an den Trump wier eventuell dofir, dat z’ënnerstëtzen.
Da géifen dem Putin no d’Frontlinne bei Cherson a Saporischschja agefruer. Den ukrainesche President Selenskyj war bei engem Telefonsgespréich mam Trump allerdéngs dogéint. D’New York Times mellt och, den Trump géif e Plang vum Putin ënnerstëtzen, wou bis dato onbesate Gebidder u Russland solle goen, a berifft sech op Regierungsvertrieder.
Dräi wichteg Renconteren an enger Woch?
D’Ukrain fuerdert virun engem Friddensofkommes fir d'éischt emol eng Wafferou. De Selenskyj ass e Méindeg op Visitt zu Washington, eventuell sinn och verschidden europäesch Staats- a Regierungscheffen dobäi. Et geet och ëm en Dräier-Sommet tëscht Selenskyj, Trump a Putin, dee fir nächste Freideg soll geplangt ginn. Weder Moskau nach Washington hunn déi Nouvelle awer bis ewell kommentéiert oder confirméiert.