Russland huet méi wéi eng Millioun Zaldote verluer

© Fermin Torrano / ANADOLU / Anadolu via AFP
Neisten Zuelen no huet Moskau donieft och grouss materiell Verloschter ze bekloen.
Den ukraineschen État-major huet Zuele verëffentlecht vun de russesche Verloschter am militäresche Konflikt mat Russland. Deemno wieren zanter dem 24. Februar 2022 1.069.950 Zaldoten an der Ukrain verluer gaangen (gestuerwen, blesséiert, vermësst oder festgeholl). Eleng an de leschte 24 Stonne wieren der ronn 900 dobäi komm.
Russland hätt donieft 11.116 Panzere verluer, grad esou wéi 23.143 gepanzert Gefierer, 31.589 Artilleriesystemer, 3.558 Marsch-Rakéiten, 422 Fligeren, 340 Helikopteren, 51.528 Dronen, 28 Schëffer an een U-Boot. Westlech Aschätzunge leien allerdéngs e Krack méi déif.
Kuckt hei d'Oplëschtung, déi op X publizéiert gouf: