Trump freet weider Leit vun der Nationalgard un

© Andrew Leyden / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Dräi republikanesch Gouverneure schécken Honnerten Zaldoten an d'Haaptstad, fir d'Sécherheet ze garantéieren.
Op Demande vum President, an als "Zeeche vum Engagement fir déi ëffentlech Sécherheet an déi regional Zesummenaarbecht" schéckt de Patrick Morrisey, Gouverneur vu West Verginia, 300 bis 400 Zaldoten op Washington. Säin Homolog aus South Carolina Henry McMaster schléisst sech u mat 200 Mann vun der Nationalgard, an de Gouerneur vun Ohio Mike DeWine wëllt an den nächsten Deeg nach eng 150 weider Militärpoliziste noschécken.
Als Grond fir déi Opstockung nennt den Donald Trump e Noutstand bei der Kriminalitéit, an ze vill Leit, déi op der Strooss liewen. Date vum Justizministère weisen allerdéngs, dass d'Zuele ronderëm Gewalt a Kriminalitéit zu Washington d'lescht Joer sou déif wéi déi lescht 30 Joer net méi waren.
Engem Vertrieder vum Wäissen Haus no soll dat zousätzlecht Personal e séchert Ëmfeld schafen, eng siichtbar Presenz duerstellen a Verbriecher domat ofschrecken. Eegentum vum Staat soll esou geschützt ginn. Den US-President huet och an anere Stied, déi vun den Demokrate regéiert ginn, änlech Moossnamen ugedeit.