A Rheinland-Pfalz
3 Doudeger duerch Geeschterfuererin

© AFP
Eng 64 Joer al Fra war bei Speyer déi falsch Säit op eng Bundesstrooss eropgefuer a frontal mat engem anere Gefier zesummegestouss.
An der Gemeng Römerberg koum et um Samschdeg den Owend zum trageschen Tëschefall. Der Police-Direktioun vu Ludwigshafen no hätte béid Autoe Feier gefaangen. Fir d’Geeschterfuererin sollt all Hëllef ze spéit kommen. Si ass op der Plaz gestuerwen, an och de 24 Joer ale Chauffer sou wéi déi 21 Joer al Bäifuererin am anere Gefier hunn net iwwerlieft. An deem Auto souz eng weider Fra vun 20 Joer, si gouf schwéier blesséiert.
D’ Strooss war fir e puer Stonne gespaart, Police a Parquet enquêtéieren.
Am meeschte gelies