An der Fachzäitschrëft "European Heart Journal" gouf eng nei Etüd verëffentlecht, a Relatioun mat Konsequenzen no enger Covid-Infektioun.

Hei ass ze liesen, dass Bluttgefäässer duerch eng Covid-Infektioun méi séier méi al kënne ginn. Besonnesch Fraen an Net-Geimpfter hätten do méi en héije Risiko, grad ewéi Long-Covid-Patienten. Experte schwätze vun engem alarméierende Resultat a fuerdere weider Ënnersichungen.

Mam Alter gi Bluttgefäässer méi steif. Duerch méi steif Bluttgefäässer géif de Risiko fir Häerzattacken oder en Hiereschlag klammen, esou d'Ausso vu Fachleit.

Fir d'Etüd goufen 2.390 Persounen aus 16 Länner ënnersicht. Et ware véier Gruppe vu Leit:

  • Mënschen, déi kee Covid haten
  • Mënschen, déi en doucë Krankheetsverlaf haten
  • Mënschen, déi mat Covid am Spidol behandelt goufen
  • Mënschen, déi wéinst Covid op der Intensivstatioun hu musse behandelt ginn.

Et goufe Miessungen un de Bluttgefäässer gemaach, dat 6 Méint an 12 Méint no der Infektioun.

Et koum dobäi eraus, dass am Duerchschnëtt Leit mat enger Covid-Infektioun méi steif Gefäässer hate wéi Net-Infizéierter. Wie sech géint Corona impfe gelooss hat, hat am Duerchschnëtt och manner steif Gefäässer wéi Net-Geimpfter.

Bei Fraen huet den Ënnerscheed sech däitlech méi gewise wéi bei Männer, wou ee bal keen Ënnerscheed gesinn huet. Den Auteure vun der Etüd no, kéint et dorunner leien, dass méi Männer mat Covid gestuerwe sinn an et ënnert de männleche Participanten un der Etüd domadder e sougenannten Iwwerliewens-Iertum kéint ginn. Alles an allem hätt den Alterungseffekt bei Infizéierte sech no enger gewësser Zäit stabiliséiert oder nogelooss.