En Donneschdeg ass et zu enger Sécherheetsverletzung bei der Atomzentral vu Cattenom komm – eng wierklech Gefor hätt awer net bestanen, sou de Communiqué.

Déi franséisch Energie-Opsiicht EDF huet eng Sécherheetsverletzung an der Atomzentral vu Cattenom gemellt. Den 11. August 2025 koum et beim Neiufank vum Reakter 3 no geplangter Maintenance zu enger falscher Konfiguratioun vu Ventillen, wat dozou gefouert huet, datt ze vill Waasser aus dem primäre Killsystem an e Sammelberäich gelaf ass.

Den Defekt gouf eréischt no e puer Stonnen entdeckt an de 14. August als "événement significatif" vum Niveau 1 op der internationaler Sécherheetsskala, déi bis 7 geet, deklaréiert.

Aussoe vun der EDF no huet de Feeler awer keng Auswierkungen op d'Sécherheet vun den Installatiounen oder op d'Ofkillung vum Reakter gehat. D'Waasser wier deemno zu all Moment am zouene Kreeslaf bliwwen, wat d'Ofkillung vum Reakter permanent assuréiert hätt.

D'Reglementer gesinn an esou engem Fall eng direkt Prozedur vir, fir d'Ursaach vum anormale Waasser-Transit ze klären. Well de Problem awer eréischt spéit erkannt gouf, ass dës Prozedur net direkt ausgeléist ginn – e Verstouss géint d'Betribsreegelen.

De Fall gëtt elo vun den zoustännege franséischen Autoritéiten iwwerpréift.