Eng nei Kaart, Sécherheetsgarantien a Buedemschätz

© Wang Gang / CFoto / CFOTO via AFP
Nom Sommet tëschent Trump a Putin zu Anchorage an Alaska leschte Freideg riichte sech all d'Blécker a Kameraen op Washington.
Den US-President empfänkt do e Méindeg den Owend den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj mee och eng Rei Leadere vun NATO-Natiounen aus Europa. Si sollen an d’Bild gesat ginn iwwer dat, wat de russesche President an den US-President e Freideg genee beschwat hunn.
Op der Pressekonferenz nom Sommet gouf ee wéineg Konkretes gewuer, mee e Méindeg de Moien huet den Donald Trump d’Ukrain ferm ënner Drock gesat: d’Ukrain géing d’Krim definitiv verléieren a kéim net an d’NATO. Den US-President sot, de Selenskyj kéint de Krich direkt op en Enn bréngen, wann hie wéilt. Antëscht gëtt et och iwwerhaapt nach keng Wafferou, Russland féiert seng militäresch Operatioune géint d’Ukrain virun ewéi wann näischt wier.
D’USA a Russland si sech e Freideg iwwer puer Saachen eens ginn, esou jiddwerfalls de Wladimir Putin e Freideg. Wat d’Zukunft vun der Ukrain ugeet, stelle sech eng ganz Rei komplex Froen, mee virop haaptsächlech déi hei:
Muss d’Ukrain – nieft der Krim – weider Territoiren u Russland ofginn a wa jo, wéi eng? (Dat géing ganz komplex ginn, d’Front ass geschate ronn 1.000 Kilometer laang.) Géing ee sech iwwert en Enn vum Krich eens ginn, wat wieren da Garantien, fir datt Russland d’Ukrain net nees ugräift? A wéi de Putin jo mengt, Garantien, datt d’NATO Russland ni ugräift.
D’Kaart nei zeechnen
Zum éischte Punkt: Russland occupéiert antëscht gutt 20% vum ukraineschen Territoire. Dorënner ass d’Krim, déi zanter 2014 besat ass. Den Trump huet wéi gesot kloer ausgeschloss, datt d’Ukrain d’Hallefinsel um schwaarze Mier zeréckkritt.
Da ginn et awer nach d’Regiounen am Donbass - am Oste vun der Ukrain - Donetsk a Luhansk. Do hu pro-russesch Separatiste schonn no der Maidan-Revolutioun vun 2014 Fouss gefaasst. Mat der Ënnerstëtzung vu Moskau. Zanter der Invasioun am Februar 2022 ass d’Regioun Luhansk ganz besat ginn. Donetsk ass zu gutt zwee Drëttel am südlechen Deel bis bei d’schwaarzt Mier besat. D’selwecht sinn antëscht grouss Deeler vun de südëstleche Regioune Saporischschja, Cherson, südlech vum Floss Dniepr, ënner russescher Occupatioun.
Déi Regiounen opginn, wier aus ukrainescher Siicht natierlech eng ganz batter Pëll. Net just well d'Land laang dofir gekämpft huet a Leit vun do deplacéiert goufen, mee och aus ekonomesche Grënn a well d’Angscht besteet, datt Russland net do ophält. Den Trump, deen erhofft sech par konter, datt Moskau esou kéint zefriddegestallt ginn a keng Mënsche méi wéinst dem Krich géinge stierwen.

Wäert d'Ukrain weider Territoiren u Russland mussen ofginn? Dës Kaart weist, wéi eng Territoiren aktuell ënner russescher Kontroll stinn. / © AFP/Guillermo RIVAS PACHECO, Jean-Michel CORNU
Sécherheetsgarantien
Huele mer un, d’Ukrain géing Territoiren opginn, da stellt sech wéi gesot d’Fro vun de Sécherheetsgarantien. Hei huet de Putin op d’mannst emol eng kleng Ouverture gemaach: hie sot, hie géing dem Trump seng Meenung deelen, datt d’Ukrain esou Garantien och misst hunn. Allerdéngs huet den US-President e Méindeg de Moien eng Nato-Memberschaft vun der Ukrain formell ausgeschloss.
D’Ukrain huet jiddwerfalls d’Atomwaffen aus der Zäit vun der Sowjetunioun all zerstéiert oder u Russland zeréckginn, esou datt just nach d’Iddi vum Trump vu viru puer Méint iwwereg bleift: déi iwwer d’seelen Äerden ("rare earth"), wäertvoll Ressourcen. Nom Eclat tëschent Trump a Selenskyj am Wäissen Haus Enn Februar hunn d’USA jo en Accord aus der Ukrain erausgeboxt. Den Trump schéngt sech et esou virzestellen: wann US-Firme mat der Ukrain Buedemschätz exploitéieren, da kéim Russland net op d’Iddi, op déi ze schéissen.
Lo gëtt et nach méi interessant: der brittescher Zeitung The Telegraph no, wier den Trump esouguer bereet, Russland Ressourcen aus Alaska zur Verfügung ze stellen, fir Fridden an der Ukrain ze hunn.
Nato-Erweiderung, Kiev-Rus an Denazifikatioun
Et gi genuch Grënn, fir nom Trump-Putin-Sommet skeptesch ze bleiwen. Ugefaange mam Putin senge Virstellungen. Hien huet zu Anchorage nämlech nach emol vun de "fundamentalen Ursaache" fir de Krich an der Ukrain geschwat. Dorënner ass d’Erweiderung vun der NATO am Osten, mee net nëmmen. De russesche President mengt, datt d’Ukrain a Russland Bridder sinn. Hie widderhëlt dacks, ewéi an engem Buch och, datt Kiev-Rus, den Ursprong vu Russland wier. Just no der Invasioun 2022 huet de Putin dann och vun der "Denazifikatioun" vun der Ukrain geschwat.
De Selenskyj sot, hie wier zouversiichtlech, datt een d’Ukrain géing verdeedegen an d’Sécherheet garantéieren. An datt d’Leit dem Trump wäerten dankbar sinn. Den ukrainesche President an d’Staats- a Regierungscheffen aus der EU wëlle jo antëscht verstanen hunn, datt een, wann ee mam Trump ze dinn huet, am beschten ewechkënnt, wann een e fléift a vill Komplimenter mécht.
Wat beim Treffen zu Washington erauskënnt, gi mer da spéit an der Nuecht gewuer. Mir informéieren Iech natierlech direkt esoubal méi gewosst ass.