Trotz kuerzer Ënnerbriechung waren d'Staatscheffen nom Treffen e Méindeg positiv gestëmmt, dass kéint neie Wand an d'Verhandlungen ëm d'Ukrain kommen.

Erklärungen zum Trump-Selenskyj-Sommet

Nom Treffen tëschent Trump, Selenskyj an europäesche Staatscheffen e Méinden deit am Moment alles drop hin, dass et kéint zu engem laang-erwaarten Treffen tëscht dem ukrainesche President a sengem russeschen Homolog, dem Wladimir Putin kommen. Dat ass op d'mannst dat, op wat den Trump hi gesteiert huet.

Den ukrainesche President sot no der Reunioun, hie wier prett fir esou en Treffen um Niveau vun de Leaderen: 
"We don't have any date. We just confirmed after this productive meeting with president and then with all our colleagues and partners who confirmed that we are ready for a trilateral meeting. And if Russia proposed to President of the United States bilateral. And then we will see the result of bilateral and then it can be the trilateral. So I said all this show, Ukraine will never stop on the way to peace, and we are ready for any kind of formats but on the level of leaders."

Bannent den nächsten zwou Woche soll also sou e bilateraalt Treffen op d'Bee gestallt ginn. An enger nächster Phas géing et dann eng Entrevue tëscht den dräi Presidente ginn, deemno zesumme mam Trump.

Aus dem Kreml géif et heeschen, de Wladimir Putin wier oppe fir d’Iddi vun direkte Gespréicher mat der Ukrain. Dat mellen Noriichtenagencen. Ma eng Confirmatioun, datt hien un engem Sommet mam Wolodymyr Selenskyj géing deelhuelen, ass dat nach net.

Treffen um Méindegowend

De Wolodymyr Selenskyj gouf begleet vun enger Rei europäesche Spëtzepolitiker, déi sech alleguerten um Sommet zu Washington am Wäissen Haus getraff hunn.

Béid Staatscheffen, also de Wolodymyr Selenskyj an den Donald Trump, hu sech e Méindeg den Owend eiser Zäit virum Wäissen Haus d'Hand ginn, den US-President huet souguer d'Hand op d'Schëller vum Selenskyj geluecht, iert se an den Oval Office gaange sinn. Den Donald Trump huet vun "enger Éier" geschwat, den ukrainesche President z'empfänken. De Wolodymyr Selenskyj huet dem Trump Merci gesot fir seng Beméiungen, "d'Morden op en Enn ze bréngen".

Den US-President Donald Trump seet dann och weiderhin, dass eng Wafferou an der Ukrain net noutwenneg wier: "Mir kënnen un engem Accord schaffen, wärend si kämpfen", sot hie beim Treffe mam ukrainesche President. D'Ukrain an déi aner Europäer haten eng Wafferou als Viraussetzung fir Friddensgespréicher mat Russland gefuerdert.

Den Donald Trump huet annoncéiert, datt d’USA sech am Kader vun engem Friddensaccord um Bereetstelle vu Sécherheetsgarantië bedeelege wäerten. Wuel géifen d’Europäer „déi éischt Verdeedegungslinn bilden, (…) mee mir wäerten hinnen och hëllefen“, sot den US-President. "Mir wäerten eis bedeelegen".

Den US-President huet och nach eng Kéier en Dräier-Treffen, also zesumme mat Selenskyj a Putin annoncéiert. "Ech denken, wann haut alles gutt leeft, wäerte mir e trilateraalt Treffen hunn, an ech denken, datt et dann eng vernënfteg Chance gëtt, de Krich op en Enn ze bréngen", sou den Donald Trump. Hien huet annoncéiert, de Kreml-Chef no de Gespréicher ze kontaktéieren, wat en dann och gemaach huet.

Parallel gëtt den Donald Trump ze verstoen, datt et onwarscheinlech ass, datt d'Hallefinsel Krim zeréck un d'Ukrain geet. Och en NATO-Bäitrëtt schléisst hien aus. Mat dobäi am Wäissen Haus waren, op Wonsch vum ukrainesche President, d’EU-Kommissiounspresidentin Von der Leyen, den däitsche Kanzler Merz, de franséische President Macron, de brittesche Premier Keir Starmer, déi italieenesch Regierungscheffin Giorgia Melonie, de finnesche President Alexander Stubb an den NATO-Generalsekretär Rutte.

RTL

© Photo by WIN MCNAMEE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Um kuerz virun 23 Auer eiser Zäit, gouf de Sommet dann e Méindeg den Owend vum Donald Trump gestoppt, dat wéinst engem Telefonsgespréich mam Wladimir Putin. Nom Telefonsgespréich huet den Donald Trump op senger Plattform Truth Social geschriwwen, hie géif en Treffen tëscht dem Selenskyj an dem Putin virbereeden. Duerno soll et dann nach en Treffen tëscht deenen dräi ginn, deemno mat Putin, Selenskyj an Trump.

Positiv war, dass d'Treffen ouni gréissere Skandal oder Eclat iwwert d'Bün gaangen ass, eppes dat Experte jo éischter fir onwarscheinlech gehalen hunn.

Merz widdersprécht US-President, Macron fuerdert dass d'EU méi agebonne gëtt

Den däitsche Bundeskanzler verlaangt um Ukrain-Sommet mam Donald Trump nees eng Wafferou an der Ukrain. Weider huet hie betount, dass een, fir sou eng Wafferou ze kréien, "Drock op Russland misst ausüben". Eng Wafferou wier fir de Merz "de Minimum fir weider Verhandlungen". Och de franséische President Macron fuerdert jo sou eng Wafferou.

Den US-President selwer hat jo ënnerstrach, dass fir en Deal mat der Ukrain, eng Wafferou net néideg wier. Hie géif eng Wafferou net ausschléissen, huet awer Richtung Friedrich Merz e Méindeg ënnerstrach, dass et "vill Punkten" hei ze consideréiere ginn.

De franséische President Emmanuel Macron huet dann eng Bedeelegung vun europäesche Vertrieder bei weidere Gespréicher tëscht der Ukrain, Russland an den USA gefuerdert. "Ech denken, dass mir als nächst warscheinlech en Treffen zu véier brauchen", sou de Macron beim Treffen. Sou en Treffe wier "déi eenzeg Méiglechkeet" fir en Enn vum Krich an der Ukrain. "Wa mer iwwer Sécherheetsgarantië schwätzen, da schwätze mer iwwer d'Sécherheet vum ganzen europäesche Kontinent".

De Macron huet dann och ënnerstrach, datt et als alleréischt misst zu engem Waffestëllstand kommen. Weider sot hien, dass déi ukrainesch Arméi e festen Deel vun de Sécherheetsgarantië misst sinn.

Den Donald Trump hat jo am Viraus annoncéiert gehat, d'USA géife sech am Kader vum Friddensaccord u Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain bedeelegen. Zwar géifen d'Europäer „déi éischt Verdeedegungslinne forméieren, (...) awer mir wäerten hinnen och hëllefen“, sou den US-President.

Eng Wafferou wier just e minimaalt Zil

Fir den ukrainesche President Selenskyj  goung et drëms, en Desaster wéi am Kräizverhéier am Oval Office, den 28. Februar dëst Joer, ze verhënneren. Dëst sot hien nach virun deem hien e Méindeg den Donald Trump getraff huet. Ier déi europäesch Vertrieder vun der EU-Kommissioun an der NATO an d’Gespréicher zu Washington e Méindeg den Owend agebonne ginn, gouf et jo en Dialog ënner véier Aen tëscht Trump a Selenskyj.

Juraj Majcin – European Policy Centre:
 
"D'Europäer mussen dem Donald Trump explizéieren, firwat si fir d’éischt op eng Wafferou bestinn. Si mussen hien iwwerzeegen, well hie schéngt de russeschen Narrativ iwwerholl ze hunn an deen ass geféierlech fir déi europäesch Sécherheet. De Schlëssel läit doran, op wat ee sech eens gëtt. D’Europäer wëllen de President Selenskyj och ënnerstëtzen, well hien d'leschte Kéier zu Washington keng gutt Experienz gemaach hat."

De Kreml huet um Sommet an Alaska ukraineschen Territoire verlaangt, ier ee gewëllt wier eng Wafferou anzegoen. Genee dat awer verlaangen d'Europäer.