D'Vereenten Natiounen hunn dëst als traurege Meilestee bezeechent a gewarnt, dass d'Afferzuel am Joer 2025 genee sou beonrouegend wier.

Am Joer 2024 goufen eng Rekordzuel vun 383 Hëllefsaarbechter ëmbruecht. Dat huet d'UNO en Dënschdeg gemellt. D'Vereenten Natiounen hunn dëst als traurege Meilestee bezeechent a gewarnt, dass d'Afferzuel am Joer 2025 genee sou beonrouegend wier. D'Zuel fir 2024 louch domadder 31 Prozent méi héich, wéi d'Joer virdrun, sou d'UNO weider um Weltdag vun der humanitärer Aarbecht. Hire Statistiken no sinn 2025 schonn 181 Aarbechter am Gaza gestuerwen, am Sudan wieren et der 60.

Doriwwer eraus beschëllegt d'UNO Staatsacteuren, am heefegsten Täter vun de Morden ze sinn.