D'LKA duerchsicht den Ament Objeten a sëllege Bundeslänner an Däitschland.

D’LKA (Landeskriminalamt) vun Thüringen sicht, eegenen Aussoen no am Kader vum Optrag vum Parquet vu Gera, de Rockermilieu duerch.

An enger Rei Immobilien a Südthüringen, Bayern a Sachsen hunn d’Autoritéite versicht, Beweismëttel ze fannen, esou d’LKA vun Thüringen en Dënschdeg de Moien.

Et handelt sech ëm Ermëttlungen am Zesummenhang mat "Raiberescher Erpressung", esou d'Autoritéiten.
Besonnesch am Süde vun Thüringen waren a leschter Zäit déi meeschte kriminell Aktivitéiten am Bikermilieu enregistréiert ginn, esou de Landesinnenministerium.

Den Asaz ass den Ament nach amgaangen.