Iwwerschwemmungen a bis zu 6 Meter héich Welle sinn un der Ostküst vun den USA méiglech, warnt den National Hurricane Center (NHC).

Gutt zwou Wochen ass et hier, dass d’Westküst vun den USA an Hawaii vun engem potenziellen Tsunami menacéiert war. Elo gouf d’Ostküst virun engem Hurrikan gewarnt.

E Méindeg huet sech den Hurrikan "Erin" weider duerch d’Karibik a Richtung Bahamas beweegt. Den Tropestuerm - als Kategorie 3 agestuuft - huet dem NHC (US-Hurrikanzentrum) no eng Wand-Vitess vun 205 Stonnekilometer.

Staarke Reen an Iwwerschwemmunge sinn op villen Inselen, wéi zum Beispill de Bahamas, Kuba an der Dominikanescher Republik z'erwaarden.

Och wann net domadder gerechent gëtt, dass "Erin" bis u Land kënnt, appelléieren d’Wiederexperten an den USA, den Hurrikan net z’ënnerschätzen. Den Jamie Rhome, Directeur adjoint vum NHC, huet drop higewisen, dass geféierlech Stréimungen a bis zu 6 Meter héich Welle kënnen optrieden a besonnesch op Insele virun der Küst vun North Carolina zu Iwwerschwemmunge féiere kéinten.

Evakuéierunge sinn op den Inselen Ocracoke an Hatteras ordonéiert ginn. Puerto Rico gouf e Méindeg schonn Affer vun Iwwerschwemmungen. Méi wéi 150.000 Stéit hate fir puer Stonne kee Stroum.

D’Hurrikan-Saison dauert an der Reegel all Joer vu Juni bis spéit an den November, ma *Erin* war fir dëst Joer den éischten. D’lescht Joer si méi wéi 200 Leit duerch den Hurrikan "Helene" ëm d’Liewe komm.

Wëssenschaftler weise reegelméisseg drop hin, datt de Klimawandel d’Gefore vun Tropestierm verstäerkt.