Luc Frieden: Grenze kéinten net duerch Gewalt geréckelt ginn

© AFP
No der Reunioun am Wäissen Haus hunn en Dënschdeg d'EU-Staats- a Regierungscheffe via Videokonferenz de Point gemaach.
De Luc Frieden war bei zwou verschiddene Reuniounen dobäi a gesäit eng Eenheet tëschent der amerikanescher an der europäescher Approche.
"Éischtens sinn dat gemeinsam Sécherheetsgarantien. Zweetens gouf de Wonsch respektéiert, datt iwwer Territoirë just d'Ukrainer selwer kënne schwätzen."
Et wëll ee sech an den nächste Wochen um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffe gesinn, fir iwwer d'Sécherheetsgarantien ze schwätzen. Et wier nach ëmmer ganz schwiereg anzeschätzen, wat genee d'Approche vu Russland wier. Grenze kéinten op alle Fall net duerch Gewalt geréckelt kënne ginn, sou de Luc Frieden am RTL-Interview. De Lëtzebuerger Premier lueft generell gesinn och eng gutt Koordinatioun tëschent de westleche Partner.
Et soll sech iwwerdeems och ëm d'Lous vun den Dausende Kanner gekëmmert ginn, déi ukrainesch Famille vun de Russen ewech geholl kruten, sou nach de Luc Frieden.
Wat bleift nom Sommet zu Washington?
No all de Familljefotoe war den Dréi- an Aangelpunkt vum Sommet zu Washington e Méindeg grad eng Ënnerbriechung vum Sommet. Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz: "Es hat eine Unterbrechung gegeben. In der Zeit hat der amerikanische Präsident mit dem russischen Präsidenten telefoniert und verabredet, dass es ein Treffen zwischen dem russischen Präsidenten und dem ukraineschen Präsidenten innerhalb der nächsten zwei Wochen geben wird. Dieses Treffen soll an einem Ort stattfinden, der noch vereinbart werden muss. Präsident Trump hat sich bereit erklärt, danach erneut zu einem Dreiertreffen einzuladen, so dass die Verhandlungen jetzt wirklich aufgenommen werden können."
Den US-President Donald Trump gesäit sech als Vermëttler, an net wéi een, dee via d’NATO am selwechte Boot sëtzt wéi d’Europäer. Och eng Wafferou ier Gespréicher kënne gefouert gi si fir Washington allerdéngs keng Konditioun. Wéi éierlech de russesche President Putin mam Donald Trump ass, ass d’Fro déi am Raum steet. Bis elo war de Kreml konsequent an engem Spill op Zäit.
De franséische Präsident Emmanuel Macron: "Le Président Trump croit dans sa capacité à obtenir un accord, croit aussi que le Président Poutine souhaite un tel accord de paix, et moi je m'en félicite et je veux le croire aprè les réunions qu'ils ont eu. Mais enfin, si ce processus était refusé, nous sommes aussi tou d'accord pour dire qu'il faudra augmenter les sanctions et en tout cas avoir une posture qui mette plus de pression sur la partie russe pour revenir sur le terrain des négociations."
Fir den ukrainesche President Selenskiy ziele Sécherheetsgarantien. Konkret sinn nach keng definéiert. US-Militär an der Ukrain stationéiere schléisst den Donald Trump aus. Europa wier an der éischter Verdeedegungslinn. Den Dram vu Kyiv vun enger NATO-Memberschaft ass geplatzt, well d’USA deem als NATO-Member op d’mannst ënnert engem Trump net géifen zoustëmmen. Villes bleift onkloer nom Sommet zu Washington vun der sougenannter “Koalitioun vun de Wëllegen”. Den Ament lafen d’Gespréicher fir sech ofzeschwätzen, wat een da konkret wëllt a wéi ee plangt dat z’erreechen.