Ëmmer méi Krisen an ëmmer manner finanziell Ënnerstëtzung
Eng 177 Millioune Mënsche sollten dëst Joer am Fong humanitär Hëllef vun der UNO kréien, mee déi Zuel gouf op 114 Milliounen no ënne revidéiert.
Sief et a Pakistan, wou d'Leit mat schroen Iwwerschwemmunge geplot sinn oder a Somalia, wou et eng Hongersnout gëtt. Op sou ville Plaze queesch uechter d'Welt wéi vläicht nach ni virdru géing humanitär Hëllef gebraucht ginn. Gläichzäiteg hätte virun allem d'USA ënnert dem President Donald Trump hier finanziell Ënnerstëtzung massiv no ënne geschrauft. Ma och vill europäesch Länner géingen an déi selwecht Richtung tendéieren.
Martin Lagneau, Direkter vun Handicap International Luxembourg: "Globalement on peut voir qu'il y a une diminution du respect du droit international. On voit un certain nombre d'États qui questionnent la légitimité de mener des opérations d'aide humanitaire, qui questionnent la légitimité d'aider les autres. C'est notamment le gouvernement américain qui questionne la pertinence même de l'aide et puis autres États, comme les États européens qui sont plus sur des enjeux financiers, notamment leurs obligations de défense européenne."
Eenzeg Ausnam wier Lëtzebuerg, dat seng Hëllef um selwechten Niveau hale géing wéi virdrun. Vun der Direktioun vun der Coopération au développement et de l'action humanitaire heescht et, datt de Grand-Duché dëst Joer bis elo 31 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt huet. Zum Beispill fir nom Äerdbiewen am Myanmar d'Populatioun ze ënnerstëtzen. Mat Hëllef vum Kommunikatiounssystem emergency.lu sinn dëst Joer iwwerdeems schonn Evakuatiounen an der Gazasträif organiséiert ginn.
D'Situatioun do beschreiwen d'Hëllefsorganisatiounen iwwerdeems als Hell op der Äerd. Xavier Feller, Kommunikatiounsdirekter bei MSF Luxembourg): "On assiste à une famine, qui est organisée, qui est complètement évitable, on a des morts complètement évitables avec une destruction systématique des structures de santé, une destruction systématique de toutes les structures qui permettent la vie en fait à Gaza. Et malheureusement on voit pas la fin, ça ne fait que s'aggraver de jour en jour."
D'Fuerderunge vun den ONGe reeche vun humanitäre Korridore bis hin zu engem direkte Waffestëllstand. Virun allem, awer laang net nëmmen an der Gazasträif kommen och Mataarbechter vun den Hëllefsorganisatiounen ëm d'Liewen. Weltwäit waren et der d'lescht Joer 382, dëst Joer sinn et der bis elo 247, 155 dovunner am Noen Osten.